Den 9. September goufen et 70 Joer, datt Péiteng als éischt Lëtzebuerger Gemeng vun den Amerikaner befreit gouf. Den Dag drop war et un der Stad Lëtzebuerg

Feierlech Commemoratioun um Dënschdeg zu Péiteng fir der Liberatioun viru 70 Joer.

D'Zeremonie en Hommage vun Deenen, déi de Preisen d'Stier gebueden hunn an den anere Krichsaffer, war um Dënschdeg den Owend um 18.30 Auer um Parvis vun der Péitenger Märei, dat a Präsenz vum Grand-Duc Henri.

Präsent waren och nieft dem Chamberpresident an dem Staatsminister d'Ministeren Etienne Schneider an Dan Kersch.

VIDEO: Viru 70 Joer: Liberatioun vu Péiteng.
.

Et war de 9. September 1944 wéi déi éischt amerikanesch Zaldote vun der 5ter Panzer-Divisioun zu Péiteng op Lëtzebuerger Buedem koumen.

Et ass och do, wou mam Lieutenant Hayman Josephson, deen éischte bluttjonken GI säi Liewe gelooss huet. Wéinst weideren Affrontementer tëscht preiseschen an amerikaneschen Truppen bei Bartreng, konnt d'Stad Lëtzebuerg deen 9. September nach net liberéiert ginn.

Dat war dunn den 10. September de Fall. Um Mëttwoch gëtt duerfir och offiziell an der Stad dëser Liberatioun vum Okkupant geduecht. Um 11 Auer e Mëttwoch de Muere goufe Blumme bei der Gëlle Fra néiergeluecht, duerno war fir de Grand-Public e Concert vun der Militärmusek op der Plëss.

En Zäitzeien erënnert sech ...

De Fernand Didier ass en Zäitzeien, deen deemools 11 Joer hat a sech nach gutt un den 9. September 1944 erënnere kann.

AUDIO: Fernand Didier iwwer den 9. September 1944

Wou de Papp vum Fernand Didier zu Fënster erausgekuckt huet, huet hien en amerikanesche Panzer gesi mat amerikaneschen Zaldoten. Als éischt huet hie gemengt, et wieren déi Däitsch, déi sech verkleet hätten.

Eréischt wou hien de Logo vun der US-Army gesinn huet, huet hie realiséiert, datt et d'Amerikaner wieren. Do ass de Fernand Didier mat der ganzer Famill op d'Strooss gelaf, fir mat den Noperen d'Amerikaner ze begréissen.

Nach bis e Sonndeg lafen d'Festivitéiten zu der 70. Jorfeier vum Amarsch vun den Amerikaner. De ganze Programm zum Fest gëtt et op www.petange.lu

VIDEO: Viru 70 Joer: Liberatioun vu Péiteng.
.
AUDIO: R. Dickes huet Stëmme vun Zäitzeien zu Péiteng gesammelt