En Dënschdeg den Owend géint 19h30 gouf eng Dampentwécklung tëscht Dippech a Mamer gemellt. D'Pompjeeë vun Dippech haten d'Saach séier ënner Kontroll.

Wéi se op der Plaz ukomm sinn, hu se festgestallt, dass eng Bott an enger Heck géif brennen. Mëttels Schaum war de Brand séier geläscht.

Nieft enger Masuttsspuer tëscht Betten op der Mess an Dippech-Gare géint 13 Auer, war dëst den zweeten Asaz fir den SICD um Dënschdeg.

© SICD.lu - Pompjeeën Gemeng Dippech