Eng falsch adresséiert SMS suergt fir Vertrauensverloscht

De Marc Spautz hat eng SMS un d'Corinne Cahen geschéckt, déi eigentlech fir de Pierre Jaeger geduecht war, an där hien Infoe freet iwwert d'Ministesch.
SMSe sinn e praktesche Moyen fir séier mat engem ze kommunizéieren, et muss een awer am beschten oppassen u wien ee se adresséiert. Déi Erfahrung mécht den Ament de Premier conseiller de gouvernement de Pierre Jaeger, deen dem Paperjam no, zanter de leschte Méint, d'Vertraue vun der Familljeministesch verluer huet. D'Corinne Cahen krut nämlech am Summer eng SMS déi net fir si geduecht war.
Eng SMS déi mat "Salut Pierre" ugefaang huet, an an där den CSV-Deputéierten a kuerzzäiteg Familljeminister Marc Spautz Informatiounen iwwert der Ministesch an domadder der Regierung hir Intentiounen an der Familljepolitik gefrot huet.
D'Familljeministesch huet de Concernéierten natierlech zu Ried gestallt. A wéi deen du behaapt huet, zanter Abrëll zejoert näischt méi mam Marc Spautz ze di gehat ze hunn, awer am Mäerz dëst Joer zesumme mam CSV-Deputéierten an engem Restaurant an der Stad gesi gouf, war d'Vertraue futsch. Mam Resultat, datt de Pierre Jaeger zanter Uganks September net méi un de sougenannte "Pré-Conseillen" an deenen d'Regierungsréit preparéiert ginn an déi fir héich Fonctionnaire reservéiert sinn, derbäi ass. De Beamten gëtt do mëttlerweil vum Dan Theisen ersat, laangjärege Fraktiounssekretär bei der DP. Den Dan Theisen souz während de Koalitiounsverhandlungen an der DP-Delegatioun an ass zanter de leschte Wahlen zoustänneg fir d'Coordinatioun am Familljeministère.
De Pierre Jaeger, heescht et am Paperjam-Artikel, hätt ni seng Attachen zu der CSV verstoppt an hätt sech als héije Fonctionnaire souguer selwer eng gewësse Retenue operluecht. Wéi et heescht, hätt de Beamten aus Loyalitéit zu senge fréiere Kollegen just nach dat gemaach, wat en ugestallt gouf an hätt gefrot fir sech just nach op de Fonds national de solidarité ze konzentréieren.
Mir kruten de Contenu vum Artikel konfirméiert. D'DP-Ministesch wollt eis awer keen Interview ginn.
Sief drun erënnert, datt d'Lëtzebuerger Wort am Juli via eng Fuite vun der wéi si et genannt hunn, "Kannergeldssteier" geschriwwen hat. Eng Mesure déi d'Regierung deen Ament, an jo och bis elo, sou net no bausse communiquéiere wollt.
Erklärunge vum Marc Spautz
Um 12.30 Auer am Journal op RTL Radio Lëtzebuerg huet de Marc Spautz op déi ganz Affär reagéiert. Hie seet sech erstaunt iwwert de Contenu an den Zäitpunkt vum Artikel. Den CSV-President streit awer net of eng SMS geschéckt ze hunn.
Marc Spautz: Richteg ass, dass ech eng SMS verschéckt hunn. Fir d'éischt eng un d'Madame Cahen, an duerno och eng un den Här Jaeger, ëm en Dossier, deen sech nach gedréint huet déi Zäit wou ech nach mat do Responsabilitéit hat. A well ech et awer komesch fonnt hätt wann ech eng question parlementaire gestallt hätt un d'Ministesch iwwert eng Fro déi mech selwer ugeet. Da sinn ech och bei deem Artikel iwwerrascht ze liesen, dass et elo engem Politiker verbuede wier mat engem fréiere Beamte mënschlech an normalen Ëmgang ze hunn, an och mat deem kënnen iessen ze goen, an dass dat alles dozou gefouert hätt, dass dee betraffene Beamte lo net méi d'Méiglechkeet hätt am Cabinet vun der Madame Ministesch unzegehéieren. Ech ka just soen, ech weess dass dee Cabinet am Ufank vum Joer ëmgebaut ginn ass, an dass do nei Leit mat era komm sinn. Ech weess, an dat ass dat eenzegt wat mer Leed deet, dass ech deem Beamten Schwieregkeete gemaach hunn, wat ech net wollt. Well dat ass e loyale Beamten, e loyale Beamte gewiescht vis-à-vis vun där aler Regierung, an ech sinn och dovun iwwerzeegt, e loyale Beamte vis-à-vis vun där neier Regierung. Wa Problemer sinn tëschent dem Ministère a mir, da soll een dat ënner Politiker ausdroen an net um Bockel vun de Beamten. Et war e Feeler vu mär, dass deen SMS schif gaangen ass. Ech muss lo vläicht méi e groussen Handy kréien, oder manner déck Fangeren, mä op alle Fall fannen ech et net gutt, dass op déi Aart eng Hexejuegd gemaach gëtt.
Ëmmerhinn wier dat ganzt zwee Méint hir an hien hätt selwer mat der Ministesch geschwat fir d'Saach z'erklären, sou de Marc Spautz, deen och mengt, datt aner fréier Minister bei hire fréiere Beamten Saachen géifen nofroen.
A kuerz viru Mëtteg gouf aus dem Familieministère ee personelle Changement annoncéiert. D’Myriam Schank gëtt Presidentin vun der Kannergeldkeess an ersetzt de Pierre Jaeger, deen elo 3 Joer laang un der Spëtzt vun deem Organ souz.
Communiqué (18.09.2014)
Changement à la présidence de la CNPF – Corinne Cahen félicite la nouvelle présidente de la CNPF (18.09.2014)
Le 18 septembre 2014, lors de la première réunion du comité-directeur de la Caisse nationale des prestations familiales (CNPF) de la rentrée, Corinne Cahen, ministre de la Famille et de l’Intégration, a félicité la nouvelle présidente de la Caisse nationale des prestations familiales, Myriam Schanck, en fonction depuis le 1er août dernier.
Myriam Schanck remplacera Pierre Jaeger, qui a assuré la présidence du 1er juin 2011 au 31 juillet 2014.
Le ministre a remercié Pierre Jaeger pour son engagement et son travail exemplaire durant toutes ces années.
La CNPF, établissement public placé sous la tutelle du ministre de la Famille et de l’Intégration, s’occupe du paiement de l'ensemble des prestations familiales.
La direction de la CNPF est confiée à un comité-directeur composé d’un président qui est le représentant du ministre de la Famille, de quatre représentants des syndicats des salariés les plus représentatifs sur le plan national (CGFP, OGBL et LCGB), de même que de trois représentants des chambres professionnelles patronales à savoir: Chambre de commerce, Chambre des métiers et Chambre d’agriculture et un représentant des professions libérales. Le comité-directeur gère la caisse (nomination du personnel, décisions de principe, décisions définitives dans les affaires de prestations et de cotisations, etc.). En matière financière, il présente au ministre le projet de budget, le compte d'exploitation et le bilan.
Communiqué par le ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région