Zënter 2005 ass Lëtzebuerg an der internationaler Walfangkommissioun aktiv a spillt zënterhier bei den Ofstëmmung gären emol eng Wichteg Roll.

Walfang oder Mieresbiologie ass net onbedéngt eppes, wat direkt mat Lëtzebuerg an Verbindung gesat gëtt. Dobäi sinn awer och mir zënter 2005 an der Internationaler Walfangkommissioun aktiv an hunn zu der Ofstëmmung vun engem neie Reglement bäigedroen.

AUDIO: Walfangkommissioun / Reportage Monica Camposeo

Um Donneschdeg huet déi International Walfangkommissioun e méi strengt Reglement gestëmmt, fir de Walfang anzeschränken. Wat Lëtzebuerg mat de Walen an der Miereswelt ze dinn huet, erklärt den Pierre Gallego, Vertrieder vu Lëtzebuerg an der Kommissioun a President vun der Ëmweltschutzorganisatioun Odyssea.

Als souveränt d'Land hu mir d'Recht un all Konventioun deel ze huelen. All Land, wat eng Küst huet, huet och eng economesch Zone, déi exklusive hinne gehéiert. Ausserhalb vun dëser Zone sinn international Gewässer, déi vun internationale Konventioune regéiert ginn, sou de Pierre Gallego. Doduerch gehéieren d'Wale kengem a jidderengem an hir Populatioun gëtt vun der Walfangkommissioun gereegelt.

Obwuel eist Land keen Zougang zum Mier huet, spillt Lëtzebuerg an der Walfangkommissioun eng wichteg Roll. Wéi all déi aner Länner, hunn och mir ee Vote, wann ofgestëmmt gëtt.

Lëtzebuerg setzt sech fir d'Erhale vun de Walen an den Delfinen an a schafft an där Situatioun ganz enk mam Rescht vun der EU zesummen, sou de Pierre Gallego.

Well an der Kommissioun awer genee sou vill Member géint den Walfang sinn, wéi dofir, falen d'Ofstëmmungen ëmmer ganz knapp aus. Heiansdo hänkt et wierklech vun enger oder zwou Stëmmen of. Esou huet Lëtzebuerg schonn dacks den Ënnerscheed bei de Vote gemaach, erkläert den Pierre Gallego.

Och ouni Mir, mécht Lëtzebuerg an der Walfangkommissioun also dacks den Ënnerscheed. Méi konkret Informatiounen iwwert de Walfang an d'Mieresbiologie ginn et um Internetsite odyssea.lu