Busaccident de Samschdeg géint 7.30 Auer an der Avenue de la Liberté an der Stad. Zwee Busser krute sech op der Héicht vum Rousegäertche ze paken.

Dobäi ass e Bus deem Bus virun him hannendrop gefuer. Wéi d’Police RTL géintiwwer konfirméiert, wieren dräi Leit beim Accident blesséiert ginn. E Buschauffer, deen ageklemmt gi war, an zwee Passagéier.

D'Beruffspompjeeën dogéint schwätzen iwwerdeems vun am ganze 5 Leit déi solle blesséiert gi sinn.