CSV dementéiert Kritiken um Marc Spautz

Wéi et an engem Communiqué heescht, géif ee sech voll a ganz hannert de Parteipresident stellen an sech solidaresch mat him weisen.
D'CSV huet e Méindeg den Owend via Communiqué vehement Rumeuren zeréckgewisen, dass de Parteipresident Marc Spautz vun der Parteiexecutive an dem Nationalvirstand kritiséiert gouf a souguer opgefuerdert gi wier zeréckzetrieden.
D'Lëtzebuerger Wort hat e Méindeg dës Informatiounen op hirem Internetsite publizéiert. Dat trëfft net zou a wier total de Géigendeel, sou d'Generalsekretariat vun der CSV.
Den CSV-Vizefraktiounschef Claude Wiseler huet en Dënschdeg am RTL-Interview och op d'SMS Affär vum Parteichef Marc Spautz reagéiert. Hien huet nach eemol betount, dass d'Partei hannert hire President steet a sech solidaresch mat him weist. Et wier zu kengem Ament vun der Parteiexecutive an dem Nationalvirstand eng Récktrëttsfuerderung komm, och net vun der Parteibasis, och wann hien net fir 10.000 Membere kéint schwätzen, sou nach de Claude Wiseler.
De Marc Spautz ass den Owend den Invité am Journal op RTL Telé Lëtzebuerg