Géint 13.20 um Samschdeg ass den Awunner vun der Avenue Gaston Diderich en haarde Knupp an dono Flamen an Damp opgefall. Si hunn den 112 alarméiert.

Wou d'Awunner kuerz no 13 Auer Flamen an Damp an der Avenue Gaston Diderich an der Stad gesinn hunn, hu si direkt d'Pompjeeën alarméiert. Wou dës op der Plaz ukomm sinn, stounge si virun engem Haus, aus deem massiv Flamen an Damp eraus komm sinn. Direkt hu si sech un d'Aarbecht gemaach, fir d'Feier ënner Kontroll ze kréien.

D'Awunner aus dem Haus konnte sech mat Zäit a Sécherheet bréngen, sou datt kengem eppes geschitt ass. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Police aus der Stad. Wéinst dem Brand huet d'Strooss tëscht der aler Clinique an der Avenue Grand-Duchesse Charlotte misste gespaart ginn.

Well de Brand schwéier ënner Kontroll ze kréie war, koumen nach d'Corpsen aus Hesper a Mamer op d'Plaz, fir hir Kollegen aus der Stad ze ënnerstëtzen. Géint 15.00 war de Brand ënner Kontroll. Et ass héije Materialschued, grad um Daach, entstanen. Den Helikopter vun der Police huet d'Plaz e puer mol iwwerflunn, fir dat sech d'Leit op der Plaz och e Bild vun uewe konnte maachen.

Um Sonndeg deelt d'Police mat, datt d'Haus net méi ze bewunnen ass, well vill Schied duerch d'Flamen an d'Waasser entstane sinn. Am Moment ass d' Brandermëttlungsenheet vun der Police Judiciare op der Plaz am Asaz.

RTL

© Service Presse PGD