Op der Areler Autobunn a Richtung Stad ass et um Samschdeg de Mëtten zu engem Accident komm, woubäi eng Persoun gestuerwen ass.

Op der héicht vun der Aire de Capellen ass et um Samschdeg géint 17 Auer zu engem déidlechen Accident komm. Eng Persoun huet hire Camion op der Aire de Capellen ofgestallt an huet probéiert zu Fouss op d'Tankstell op der anerer Säit vun der Autobunn ze kommen. Dobäi gouf d'Persoun vun engem Auto, dee grad op der Autobunn ënnerwee war, ugestouss.

De Rettungshelikopter vun der Air Rescue gouf geruff, mä fir de Mann koum all Hëllef ze spéit. D'Persoun, déi am aneren Auto souz, ass direkt vum psychologesche Betreiungsdéngscht vun der Protex behandelt ginn.

Op der Plaz waren d'Police souwéi d'Pompjeeë vu Mamer.

Um Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg koumen nach véier weider Accidenter dobäi, bei deenen all Kéiers eng Persoun verwonnt gouf. Um 18.50 Auer sinn zwee Autoen tëscht Präiteler a Crëschtnech net laanscht en ee komm. 
Zu Péiteng gouf géint Hallefnuecht ee Cycliste ëmgefuer an zu Esch/Uelzecht waren zwee Autoen an en ee geknuppt.
An der Nuecht géint 1.30 Auer ass am Rollingergronn en Automobilist géint e Betonspilier gerannt.

Och um Sonndeg de Moien hat et weider am Land geknuppt. Op der Streck Haassel a Richtung Alzeng an op der Streck tëscht Gréiwemaacher a Wecker ass een Auto vun der Bunn ofkomm an an de Gruef geroden. An den zwee Fäll gouf et ee Liichtblesséierten. Um 9.30 Auer dunn ass ee Motocycliste tëscht Trënténg a Mutfert gefall. Och hie gouf liicht blesséiert.