Käschtepunkt fir déi 31,5 Kilometer: 700 Milliounen Euro. Neies och vum Findel: Den Terminal B soll elo schëtzeg mat der Aerogare verbonne ginn.

Den Infrastrukturminister François Bausch huet den Donneschdeg de Mëtten de pluriannuellen Investitiounsplang virgestallt: D'Nordstrooss geet 2015 op, um Findel gëtt den Terminal A mam B verbonnen, d'Diddelenger Autobunn kritt eng 3. Spur, d'Escher Autobunn ee Bus-Couloir an d'Gemeng Hesper eng nei N3.

Nordstrooss: Liicht um Enn vum Tunnel

An deem Kontext war et d'Annonce, dass d'Nordstrooss am September d'nächst Joer opgeet. Se ass mat 700 Milliounen Euro déi deierste Strooss am Land a wahrscheinlech doriwwer eraus ...

D'Nordstrooss huet ronn 31 an en hallwe Kilometer a 4 Tunnellen. Dat mécht ënnert dem Stréch 22,2 Milliounen Euro pro Kilometer.

Uganks den 90e-Joren haten d'Aarbechten ugefaang. Awer schonn an den 80er-Jore wor iwwert den Tracé diskutéiert ginn.

© René Pfeiffer

Findel ... verbannen

Wat geschitt mam alen Terminal B? Eng Fro, déi zanter der Ouverture vun der neier Aerogare um Findel am Raum steet. Et schéngt, wéi wann elo eng Äntwert fonnt gouf.

AUDIO: Ausbau vum Findel / Reportage Eric Hamus

Fir den Infrastrukturminister François Bausch ass de Fluchhafen elo schonns no un der Limite vu senge Kapazitéiten. Bis Enn des Joers wäerte méi wéi 2,5 Millioune Passagéier um Findel passéiert sinn - eleng 2014. Deemno soll den Terminal B elo schëtzeg mat der Aerogare verbonne ginn. An dat net iwwert en Tunnel, mä en Tëschegebai, an deem och zousätzlech Restauratiounsbetriber a Butteker en neit Doheem fannen. Dat, fir de Findel nach méi attraktiv ze maachen, sou de Minister Bausch.

Luxairport SA hätt den Architekt vun der Aerogare och scho mat Pläng beoptragt.

Donieft gëtt och d'Piste nach nei gemaach, datt nach éier mam Ausbau vum Findel ugefaange gëtt. D'Aarbechte kéinten gréisstendeels nuets gemaach ginn, fir de Verkéier net ze behënneren.

© René Pfeiffer

Méi Spuren

D'Diddelenger Autobunn kritt eng drëtt Spur, d'Escher Autobunn e Bus-Couloir an d'Gemeng Hesper eng nei N3. Ronn 74 Milliounen Euro wäert de Staat fir de Bau vun enger neier „Nationale 3“ dohi bliederen. Domadder gëtt e Contournement fir Hesper an Alzeng geschaf. Fir de Minister ee ganz wichtege Projet, an dat net nëmme wéinst dem Tram: A puncto Verkéier dierfte virun allem Hesper, Houwald a Bouneweg entlaascht ginn.

Am Mëttelpunkt stoungen en sëllech Projeten, dorënner och déi sougenannt "Liaison Micheville" zu Esch/Belval an den Echangeur zu Helleng.

Den deierste Projet awer gëtt den Ausbau vun der A3 op 6 Spuren. Et ass e wichtege Projet, seet e Minister, well d'A6 schonn iwwerlaascht ass. Donieft gëtt an der Regioun nach vill dobäi gebaut, wat nach zu zousätzlechem Camionsverkéier wäert féieren.

AUDIO: François Bausch iwwer den Ausbau vun der A6

D'A3 wier awer och um Niveau vun de Verdeeler, virun allem d'Croix de Gasperich, extrem geféierlech, sou datt den Ausbau sech och aus Sécherheetsgrënn opdrängt, sou de Minister. Déi éischt Phas tëscht Bierchem a Gaasperech kascht 29 Milliounen Euro. Am ganze beleeft sech den Ausbau bis 2018 op 159 Milliounen Euro.

4 Milliounen Euro kascht déi geplangte Bus-Spur op der A4 tëscht Esch-Belval an der Stad.

AUDIO: François Bausch iwwer de Bau vun der N3

D'Nordstrooss wäert - wéi gesot - am September 2015 opgoen. Fir am Norden ze bleiwen: Den Infrastrukturminister huet och kuerz iwwert de Projet "Pôle multimodal" zu Ettelbréck geschwat, deen virun e puer Deeg an der Nordstad presentéiert gouf.

Den 160-Milliounen-Euro-Projet géif Ettelbréck net nëmme verkéierstechnesch entlaaschten, mä der Stad och d'Chance bidden, sech urbanistesch ze erneieren.