Déi lescht 17 Joer hunn zwou Brécken en Deelstéck vun enger Strooss ersat, well do e Fiels op d'Fuerbunn gefall war.

1997 war vun enger privater Carrière e Fiels op d'N27 tëscht Ierpeldeng a Méchela gerutscht.

Zwou provisoresch Brécke waren iwwert d'Sauer opgeriicht ginn.

Elo, 17 Joer méi spéit, geet d'N27 den 8. Dezember nees fir de Verkéier op.

VIDEO: "Nol op de Kapp": Ierpeldeng-Méchela
N27 geet no 17 Joer nees op, nodeem do laang Zäit näischt geschitt ass an just zwou Noutbrécke gebaut goufen.