Um CR102 waren en Dënschdeg de Moien 2 Autoe frontal anenee geknuppt. Dobäi gouf eng Fra schwéier blesséiert.

E Chauffer, deen um Dënschdeg de Moie géint 11.30 Auer op der Streck Dippech-Mamer ënnerwee war, hat an enger Rietskéier d'Kontroll iwwer säi Won verluer. Wéi e probéiert huet, säin Won opzefänken, ass en op d'Géigespur geroden a frontal mat engem Auto, deen entgéint koum, kollidéiert.

Deen éischte Won huet Feier gefaangen, konnt awer séier geläscht ginn. Déi zwou Persounen, déi dra waren, koume fir eng Kontroll an d'Spidol.

D'Fra aus dem zweete Won koum mat uerge Blessuren an d'Klinik.

Op der Plaz waren d'Beruffspompjeeën an d'Protex vu Mamer.

D'Strooss hat fir eng länger Zäit musse gespaart ginn.

Weider Accidenter

En Dënschdeg an der Mëttesstonn hate sech op der Escher Autobunn e Camion an en Auto ze pake krut, woubäi et 4 Blesséierter gouf.

Zu Sandweiler war iwwerdeems an der Haaptstrooss eng Persoun géint 16 Auer ugestouss ginn an en Auto a e Bus haten sech um 16.45 zu Esch an der Bieleserstrooss ze pake krut. Et blouf bei de liichte Blessuren.

Op der A6 a Richtung Belsch war et viru 17 Auer nach zu engem Accident tëscht dem Gaasperecher an Zéissenger Kräiz komm, an deen e Camion an e puer Autoe verwéckelt waren. Et koum zu engem gréissere Réckstau, ma no enger Stonn war den Accident geraumt.