Bis de Grand-Duc d'Demissioun acceptéiert huet an d'Successioun offiziell geregelt ass, bleift den Alex Bodry awer am Amt.

Diddeleng kritt en neie Buergermeeschter. Den Alex Bodry huet op den Dag vun Freideg, 7. November 2014 demissionéiert, aus perséinlechen a beruffleche Grënn, wéi hie selwer an engem Bréif un d'Gemengepersonal schreift.

Et war gewosst, datt den Alex Bodry säi Buergermeeschter-Mandat net géif fäerdeg maachen. Hie bleift am Amt, bis säin Nofolger vereedegt ass an dat wäert zimlech sécher den Dan Biancalana ginn; den Ament 1. Schäffen zu Diddeleng.

Den Alex Bodry ass zanter gutt 10 Joer Buergermeeschter zu Diddeleng.

E Méinden de Moie ginn et weider Detailer op enger Pressekonferenz.

© dudelange.lu

Um Freideg de Mëtteg kuerz no 15 Auer koum dës offiziell Matdeelung:
En date d'aujourd'hui le bourgmestre de la Ville de Dudelange, M.Alex Bodry, a informé – conformément à l'article 61a de la loi communale – son Altesse Royale le Grand-Duc Henri de sa décision de démissionner de sa fonction de bourgmestre.

En attendant l'acceptation de la démission par le Souverain et l'assermentation d'un successeur, il poursuivra l'exercice de ses fonctions.

M. Bodry a exercé la fonction de bourgmestre depuis le mois d'août 2004. Auparavant, il a occupé les postes de premier échevin (2000 – 2004 ) et de conseiller communal(1982-1989).

La lettre de démission ainsi que le courrier adressé au personnel communal sont annexés au communiqué.

La presse est invitée à une conférence de presse qui aura lieu le lundi, 10 novembre 2014 à 10h30 dans la salle de réunion du conseil communal à l'Hôtel de Ville de Dudelange.

Hei d'Schreiwes vum Alex Bodry un d'Personal vun der Diddelenger Gemeng:

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Léif Membere vum Gemengepersonal,

Ech hunn haut dem Grand-Duc schrëftlech matgedeelt, dass ech als Diddelenger Buergermeeschter demissionéieren.

Dës Demissioun maachen ech aus perséinlechen a beruffleche Grënn. Si ass mär net liicht gefall.

Dës Entscheedung hunn ech praktesch virun engem Joer geholl, wéi ech neie Fraktiounspresident vu menger Partei an der Chamber gi sinn. Ech wëll mech voll a ganz op déi nei Aufgab konzentréieren an Diddeleng net vernoléissegen. Dofir ass elo d’Zäit komm fir e Wiessel am Schäfferot virzehuelen. Bis Enn November misst déi Prozedur ofgeschloss sinn.

D’Relève ass voll garantéiert an ech wäert selbstverständlech och als Deputéierten d’Interesse vun eiser Gemeng an hire Leit net aus den Ae verléieren.

Ech halen drop Iech alleguer en éierleche Merci ze soen, fir déi flott a vertrauensvoll Zesummenaarbecht, déi ech als Schäffen an elo déi lescht zéng Joer als Buergermeeschter mat Iech hat. Zesummen hu mär Diddeleng weiderbruecht.

Déi vill Chantiere weisen, dass eis Stad sech weider no vir beweegt. Eis Stad ass déi lescht Joeren e Stéck méi grouss a faarweg ginn.

Eis Servicer hu sech mat Succès ugepasst. Dat ass och gutt esou.

Meng Aarbecht geet weider, op enger anerer Plaz, mee mat dem selwechten Elan an Engagement.

Ech sinn houfreg, Buergermeeschter vun dëser Gemeng a Chef vun dësem Betrib gewiescht ze sinn. Am Schäfferot hu mer als Frënn an als Equipe zesumme geschafft. Dat wäert ech vermëssen.

Grad esou wéi d’Aarbecht am Gemengerot, wou mär iwwer all Parteigrenzen ewech, méi Gemeinsamkeete wéi Divergenzen haten. Et war zum Wuel vun eiser Stad.

Mat frëndleche Gréiss an enger klenger Tréin am A.

Alex Bodry