Géint Mëtteg goufen de Kinnek Felipe a seng Fra Letizia virum Palais vum Grand-Duc Henri an dem Ierfgroussherzog Guillaume empfaangen.

Fir d'Lescht wor déi spuenesch Kinnekskoppel am Oktober 2012 am Grand-Duché fir d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Prinzessin Stéphanie.
De Virwëtz virum groussherzogleche Palais wor grouss, wéi déi héich Gäscht an der Mëttesstonn vum Grand-Duc Henri an dem Ierfgroussherzog Guillaume empfaang goufen.

Viru fënnef Méint, wéi de Kinnek Felipe op den Troun koum, huet hien ee schwéiert Ierwen vu sengem Papp, dem Kinnek Juan Carlos, iwwerholl. Duerch eng sëlleche Skandaler wor déi spuenesch Monarchie mat Momenter méi wéi ëmstridden. Vill Spuenier, déi um Dënschdeg ee Bléck op d'Kinnekskoppel wollte geheien, stinn trotz dëse Skandaler awer hannert hirem Herrscherhaus.

Net nëmmen d'Skandaler am spuenesche Kinnekshaus, mä och déi schlecht wirtschaftlech Situatioun an den héije Chômage maachen der spuenescher Populatioun ze schafen. Bei de Spuenier ass d'Hoffnung dowéinst grouss, dass duerch de Wiessel dat spuenescht Kinnekshaus an domadder och d'Land u sech nees ee besseren Image kritt, seet och de Roberto Gomez vum Cercle vun der spuenescher Communautéit hei zu Lëtzebuerg.

Och bei der jonker Generatioun ass d'Hoffnung grouss, dass sech eppes duerch den Trounwiessel ännert. Zwou jonk Spuenierinnen, déi zu Montpellier studéieren a fir eng kuerz Visite zu Lëtzebuerg woren, hu vun der Geleeënheet profitéiert fir de Kinnek Felipe an d'Kinnigin Letizia eng Kéier vun no ze gesinn. An hirem Land suivéiere si Diskussioune ganz interesséiert a verstinn wann een Deel vum Vollek am léifsten eng Republik hätt.

An trotz Reen hat sech d'Waarde virum Palais gelount. Volleksno huet sech déi spuenesch Kinnekskoppel gewisen an huet och dem engen oder aneren d'Hand ginn, d'Kinnigin Letizia huet sech och mat vereenzelte Spuenier, déi hannert der Clôture stounge, fotograféiere gelooss.

No engem private Mëttegiessen am Palais hunn de Kinnek Felipe a seng Fra, hannerteneen, de Chamberspresident Mars di Bartolomeo, de Premier Xavier Bettel an den Ausseminister Jean Asselborn an Audienz empfaangen. Géint 17.30 Auer huet den héije Besuch dunn d'Land nees verlooss. Um Mëttwoch ass déi spuenesch Kinnekskoppel op Besuch an der Belsch.

VIDEO: Spuenesche Kinnek a Kinnigin op Besuch
Et war eng kuerz Visite bis hallwer 6. D'Kinnekskoppel war am Palais bei der groussherzoglecher Famill.
VIDEO: Monarchien an Europa
An Europa ginn et haut nach 10 parlamentaresch oder konstitutionell Monarchien. Mee wéi eng Länner si concernéiert a wee sëtzt wou um Troun?