Um Briefing nom Regierungsrot goung um Freideg Rieds iwwert d'Affaire Luxleaks. No der Finanzkommissioun wëll d'CSV der Regierung de Réck stäipen.

De Minister muss um Freideg den Owend doriwwer Explikatiounen an der Finanzkommissioun vun der Chamber ginn, dat op Demande vun der CSV.

Um Freideg de Mëtteg huet de Pierre Gramegna op alle Fall schonn emol zouginn, dass hien an d'Regierung déi richteg Natur vun de Revelatiounen eréischt gewuer goufen, wéi déi publik gemaach gi sinn. Dobäi huet d'Regierung mat Erstaune festgestallt, datt iwwer 500 Decisioune vu Lëtzebuerg a Punkto Rulingen online gesat goufen.

AUDIO: Pierre Gramegna iwwer Rulingen

Kee Moment war et dem Pierre Gramegna bewosst, datt si sech fir deen Dossier, deen esou op d'Place Public koum, veräntwerte missten. Scho guer net fir eppes, wat an der Vergaangenheet geschitt wier. Als éischte Reflex huet d'Regierung sech dowéinst virun d'Land gestallt a gesot, datt si géife fir déi Saachen aus de leschten 20 Joer riichtstoen.

AUDIO: Pierre Gramegna Luxleaks

Och de Premierminister Xavier Bettel war vun der Envergure vun deem, wat publizéiert gouf, iwwerrascht. Obwuel hie schonn e puer Deeg virdru vum Finanzminister informéiert gouf. Do sot de Pierre Gramegna, datt hien fir de Fall vun der Publikatioun Mesure geholl hätt. De Finanzminister hätt zu Bréissel och eng Pressekonferenz aberuff ouni ze wëssen, wat public gemaach géif ginn.

AUDIO: Xavier Bettel Luxleaks

Um Pressebriefing war de Pierre Gramegna  sichtlech gereizt, virun allem, wann Tëschefroe vu Journaliste koumen. Hie wier net an engem Büro d'Inquisition, mä hie géif seng Aarbecht hei maachen, sou de Finanzminister. Donieft géif hie verschidde Froe guer net verstoen.

AUDIO: Pierre Gramegna 2

En Vue vun der Finanzkommissioun de Freideg den Owend sot de Premier Xavier Bettel, datt d'Diskussioun, ween wéini wat an der Affaire Luxleaks wosst, am Moment kontraproduktiv wier. De Premier mécht dowéinst en Appel un d'Oppositioun, sech an der Komissioun op dat wiesentlecht ze konzentréieren. Sou datt een zesummeschaffen an deen Imageschued vum Land ewech maache kann. An dëser Saach géif et dem Premier no net ëm Parteipolitik goen.

AUDIO: Xavier Bettel Pressebriefing

Um Freideg den Owend stoung de Finanzminister Pierre Gramegna den Deputéierten vun der Budgets- a Finanzkommissioun zwou Stonne laang Ried an Äntwert an dat fir déi zweete Kéier bannent 8 Deeg. No dëser Reunioun huet hie präziséiert, dass een et fäerdeg bruecht hätt, de Fokus vu Lëtzebuerg ewech ze kréien an ze weisen, dass et een internationale Problem ass, dee geléist muss ginn. Lëtzebuerg wier een Deel vun dëser Léisung, sou nach de Pierre Gramegna an hien huet nach eemol drop higewisen, dass eist d'Land an Zukunft den Echange automatique vu Rulingen wëll ënnerstëtzen.

No der Reunioun um Freideg den Owend, déi vun der CSV an der ADR gefrot gi wor, sti fir d'Oppositioun nach ëmmer eng Partie Froen op. Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler huet kritiséiert, datt d'Kommunikatioun vun der Regierung an deem Dossier an de leschten Deeg "amateurhaft" gewiescht wier. Trotzdem wéilt een der Regierung an deem Dossier am Interessi vum Land awer de Réck stäipen.

De Video vum Briefing nom Regierungsrot fannt dir um Site vum Gouvernement. De Briefing start bei 8 Minutten a 45 Sekonnen.