An der Chamber goung et um Donneschdeg de Mëtteg ëm d'Lëtzebuerger Sprooch.

Den adr-Deputéierte Fernand Kartheiser huet sech an enger Interpellatioun fir méi en héije Stellewäert vum Lëtzebuergeschen agesat. Et soll d'Integratiounssprooch sinn. Nëmme Leit, déi Lëtzebuergesch schwätzen, dierften och am ëffentlechen Déngscht schaffen an „en français svp“ gefält dem Fernand Kartheiser net wierklech. Am Gesondheetswiese wier d'Lëtzebuerger Sprooch eng Mussesaach, am Geschäftswiesen eng staark Rekommandatioun. D'adr wëll och, datt Lëtzebuergesch an der Verfassung als Nationalsprooch a Sprooch vum Land festgeschriwwe gëtt. Och an der Justiz misst eis Sprooch méi eng wichteg Plaz kréien, sou de Fernand Kartheiser.

Déi aner Fraktiounen an der Chamber maache sech manner Suergen ëm d'Lëtzebuergesch a si hu méi e positiivt Bild vun der Sprooch gezeechent. Sou vill Leit wéi ni schwätzen haut Lëtzebuergesch. Deenen anere Fraktiounen an och der Regierung ass et net baang ëm d'Lëtzebuerger Sprooch an d'Méisproochegkeet wär och typesch fir eist Land.

De Minister Felix Braz huet gemengt, datt et der Lëtzebuerger Sprooch immens gutt geet, wann d'Politik sech zréck hält. Lëtzebuergesch wär och net déi eenzeg Integratiounssprooch.