Den Onofhängege Gewerkschaftsbond krut um Freideg, 5. Dezember en neie President. Den André Roeltgen krut bei der Wahl 81 Prozent vun de Stëmmen.

Um Freideg a Samschdeg ass am “Klenge Kueb” um Kierchbierg de 7. Kongress vum OGBL, e Rendez-vous, bei deem de Wiessel un der Spëtzt vun der Gewerkschaft mat de ronn 70.000 Memberen dominéiert. Dëse Kongress ass de leschte groussen Optrëtt vum President Jean-Claude Reding, an deem seng Plaz am fréien Owend de Generalsekretär André Roeltgen kommen dierft.

Dëse krut um Owend 81 Prozent vun de Stëmmen. Den André Roeltgen wéist sech mat dësem Resultat zefridden, wëll hie wosst, datt hien als streitbare Personnage gëllt. Hie fillt sech awer och geéiert, no laange Joeren an der Gewerkschaft elo President vum OGBL ze ginn.

AUDIO: Reaktioun André Roeltgen

Donieft huet den Nationalcomité vum OGBL unanime den Accord mat der Regierung vun leschte Freideg ugeholl.

De Freideg de Moien huet den 1. Dag vum Kongress mat der Ried vum Nach-President ugefaangen. De Jean-Claude Reding huet, virum Hannergrond vu senger Gréisst, Respekt fir den OGBL gefuerdert, awer och op d’Verantwortung vun der Gewerkschaft higewisen.

AUDIO: OGBL-Kongress 2014 / Reportage Eric Ewald

Europa wär nach ëmmer an der Kris, ma d’Äntwerte vun der EU dorop déi falsch, mat ënner anerem enger Dereguléierung vum Maart, manner sozialer Sécherheet a manner Protectioun vun der Aarbecht. D’Gewerkschafte missten dogéint halen an den OGBL hätt heiheem z.B. dofir gesuergt, dass et keng Baisse vum Mindestloun gouf, huet et vum Kongress geheescht.

De Jean-Claude Reding / © Alain Lamesch

An de leschten 10 Joer huet ee sech och ëmmer nees géint nei Versich misste wieren, d'Indexéierung vun de Léin an de Pensiounen ofzeschafen, den Index ze deckelen oder en esou anzeschränken, datt et quasi keen Index méi ginn hätt. Et dierft een och net vergiessen, datt déi Attacken vum Här Juncker a senger Partei koumen. Den OGBL begréisst et dofir, datt déi aktuell Regierung nach virum Summer mat de Gewerkschafte geschwat huet, fir kloer ze stellen, datt een net méi un d'Gesetz vum Index wéilt fréckele goen. Donieft huet si zënter Oktober nees déi nei Gesetzgebung a Kraaft gesat, wat, wann een un TVA-Erhéijungen denkt, eng wichteg Mesure ass.

Wat d’Pensiounen ugeet, wär zwar de System net a Fro gestallt an den Alter, fir an d’Rent ze goen, net gehéicht ginn, mä d'Rentner hunn awer en Ajustement geklaut kritt. Donieft kritiséiert den OGBL, datt ee fir d'Zukunft deen einfache Wee gewielt huet, andeem een d'Leeschtungen erof géif setzen, ausser d'Leit géifen dräi Joer méi laang schaffe goen.

Zum Schluss koum de Jean-Claude Reding zum Perséinlechen, zum Äddi. Zwee Mandater als President ginn dem Jean-Claude Reding no duer. A mat 60 Joer dierft een och ufänken, d'Saach méi lues ugoen ze loossen. Fir de Jean-Claude Reding waren et 10 spannend an ustrengend Joren, an deenen den OGBL weider gewuess ass. Hien huet och nach all de Leit fir hir Ënnerstëtzung an de leschte Jore "Merci" gesot.

VIDEO: OGBL-Kongress um Kierchbierg
Et war de leschte Kongress mam Jean-Claude Reding als President.