D'JDL setzt sech fir d'Auslännerwahlrecht an, d'Wahlrecht vu 16 Joer un an d'Trennung vu Kierch a Staat. Fir eng Mandatslimitatioun si si awer net.

D'JDL, déi jonk Demokraten, ënnerstëtzen am Verfassungsreferendum d'nächst Joer 3 vun de 4 Froe mat „Jo“.

D'JDL setzt sech fir d'Auslännerwahlrecht an, d'Wahlrecht vu 16 Joer un an d'Trennung vu Kierch a Staat.

Mat der Limitatioun op 10 Joer vun de Ministeschmandater hunn déi Jonk an der DP awer e Problem, do gleewe si éischter un d'Stäerkt vun der Demokratie an d'Fäegkeet vun de Bierger anzeschätzen, wéini e Minister net méi soll untrieden.

D'JDL wëll d'Resultat vum Referendum op alle Fall respektéieren an erhofft sech eng fair an oppen Diskussioun, ouni muechtpolitesch Iwwerleeungen.