Een Automobilist hat op der Héicht vun der Sortie Diddeleng-Zentrum d'Kontroll iwwert säi Won verluer a war an d'kalifornesch Mauer gerannt.

De Chauffer vun engem VW Golf ass op der rietser Spuer op der A3 Richtung Frankräich gefuer. Op der Héicht vun Diddeleng-Zentrum ass him e Renault Clio mat ze héijer Vitesse hannen dra gerannt. Duerch déi Kollisioun gouf de VW wahrscheinlech an d'Leitplank gedréckt an ass op der Pannespuer un d'Hale komm. Duerno ass en Audi A6 Allroad an d'Mall vum Clio gerannt, wouropshin den Audi nees an d'Strooss geschleidert gouf an do stoe bliwwen ass.

Chauffer a Bäifuerer aus dem Audi sinn an en aneren Auto era geklommen an hu sech dovu gemaach, wisou ass bis elo net gewosst.

3 Persoune goufe blesséiert, eng dovunner e bësse méi schwéier. Si all goufen an d'Escher Spidol gefouert. Am Asaz waren d’Pompjeeën an zwou Ambulanze vun Diddeleng, de Samu aus der Stad an d’Police.

2 Blesséierter goufen et kuerz vir 14 Auer wéi zu Iechternach 2 Autoen anenee gerannt sinn.

© CI-Iechternach

Kuerz no 15 Auer huet et tëscht Bitscht a Wolz gerabbelt. 1 Persoun gouf blesséiert wéi 2 Autoen net laanschtenee komm sinn.

Kuerz viru 17 Auer gouf et en Accident op der A13 am Rondpoint Helleng Richtung Diddeleng. 2 Autoe waren an dësen Accident verwéckelt, 1 Persoun gouf blesséiert.