Nieft PWC och KPMG, Deloitte an Ernst & Young am Coup, dat beweist eng zweet Fuite. An: Rulinge fir 35 weider Firmen, dorënner ë.a. Skype an Disney.

Um Dënschdeg den Owend ëm Punkt 22 Auer war et esou wäit: Den internationale Konsortium vun investigative Journalisten, ICIJ, zesumme mat enge ronn 40 Partnermedien huet nei Revelatiounen an der Affaire LuxLeaks verëffentlecht.

Grondtenor vu LuxLeaks II: D'Ausmooss vun de Steiervergënschtegunge wier vill méi grouss wéi geduecht!

De Grond: Nieft der Gesellschaft PWC wieren och déi aner 3 vun de sougenannte "Big Four" vun den Audit-Gesellschaftem am Coup: KPMG, Deloitte an Ernst & Young.

AUDIO: De ganzen INTERVIEW mam Pierre Gramegna
VIDEO: Luxleaks: Zweeten Akt
4 Méint no den éischte Revelatioune goufen haut weider Steierdossiere public gemaach.

Nei Fuite

Rieds geet vun enger neier Fuite: 50 Dokumenter mat 35 Firmennimm. Vu Rulingen zu Lëtzebuerg hätten ënnert anerem esou bekannte Marken ewéi Skype, Disney, Bombardier, Koch Industries an déi italienesch Telekom profitéiert.

Déi belsch Zeitung "Le Soir" schwätzt zum Beispill vun "ruses fiscales", fir d'Steieren ze drécken. Mol wiere fir Firmen (Skype) Deduktiounen acceptéiert ginn, esou datt just op 5% vun de Revenue Steieren ze bezuele waren, mol hätt ee sech op ee minimale Steiertaux gëeenegt (0,28% fir Walt Disney Luxembourg).

De Soir betount och, datt déi 4 Societéiten, déi sech als Architekte vun de Rulingen engagéiert hätten, net hätte wéilten op déi konkret Froe vum Konsortium äntweren. Also weder PWC, nach Deloitte, KPMG oder E&Y – op Ernst and Young géingen iwwregens 60% vun de Rulinge vu LuxLeaks 2 zeréck.

Ma, esou de Soir weider, déi 4 Firmen hätte betount, datt alles am Aklang mat de Gesetzer geschitt wier ...

AUDIO: De Claude Schettgen iwwert nei LuxLeaks-Revelatiounen

Juncker: "Objektiv gekuckt geschwächt"

"Objektiv gekuckt sinn ech geschwächt", sot de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker.

Duerch Luxleaks kéint ee mengen, hie wier an eng Praxis verwéckelt gewiescht, déi elementaren Ethik- a Moralreegelen net géif entspriechen. Dat seet de Jean-Claude Juncker um Mëttwoch an engem Gespréich mat der franséischer Zeitung "Libération". De Jean-Claude Juncker ënnersträicht awer, dass 22 vun 28 Länner Rulinge maachen.

"Ech wëll net isoléiert behandelt ginn", sou de fréiere Premier. Jidderee wier am Feeler well "Dunkelkammeren" geschaf goufen, an deenen d’Firme konnten operéieren.

Reaktioun vum Finanzministère um Mëttwochmoien

D'rezent Revelatiounen koumen net onerwaart fir d'Regierung, déi dann och ewell géint 6 Auer e Mëttwoch de Mueren e Positiounspabéier op Franséisch an Englesch publizéiert.

Heiranner heescht et, datt d'Aart a Weis, wéi ICIJ un d'Dokumenter koumen héchst doutéis wier.

Déi rezent Dokumenter géife sech dann och weider net vun deenen ënnerscheeden, déi virun e puer Wochen publizéiert gi waren.

Nach emol betount een am offiziellen Schreiwes vum Finanzministère, datt d'Rulings keng Kontrakter oder Accorden géifen duerstellen, mä unilateral Decisioune vun der Steierverwaltung wieren, déi och net geheim wieren.

Dofir géif Lëtzebuerg och Demanden nokoumen, fir Informatiounen iwwert d'Rulingen eraus ze ginn.

Nach emol ënnersträicht d'Lëtzebuerger Regierung, datt een d'Kommissioun Juncker dobäi ënnerstëtzt, datt op EU-Niveau soll eng Direktiv kommen, déi den automateschen Echange vun de Rulinge soll regelen. Lëtzebuerg gëtt dann och zou, datt een d'Legitimitéit vu verschiddenen steierlechen Mechanismen a Konstrukter duerchaus kéint a Fro stellen, mee da wier net ee Land alleng gefuedert, mä weltwäit d'Finanzplazen, déi sech da missten un d'Spillregelen halen.

D'Lëtzebuerger Regierung an de Finanzministère waren dës Kéier besser preparéiert. Et wousst een, datt nach eppes komme géif- a konnten hir Reaktioun anticipéieren. Dem Finanzminister no sinn nei Nimm, dorënner amerikanescher, an der neier Luxleaks-Lëscht dran. Zousätzleche Suergen mécht dat dem Pierre Gramegna awer éischter net.

AUDIO: De Pierre Gramegna

Anescht wéi no der éischter LuxLeaks-Vague, wier den Dag vun haut méi roueg gewiescht, sot nach de Minister bei eis am Interview am spéide Moien. De Pierre Gramegna huet sech do och gewonnert, datt den ICIJ sech weider exklusiv op Lëtzebuerg konzentéiert. Woubäi elo dach gewosst wier, datt Rulingen an méi wéi 20 Memberlänner an der EU gemaach ginn.

Communiqué (10.12.2014)
Le ministère des Finances du Luxembourg commente les dernières publications de l’ICIJ

Le ministère des Finances prend acte de la publication par l’International Consortium of Investigative Journalists (ICIJ) et ses médias affiliés d’une nouvelle série de décisions anticipées en matière fiscale («rulings») rendues par l’administration fiscale luxembourgeoise. Comme pour les publications précédentes («Luxleaks»), la manière d’obtention de ces documents est hautement douteuse.

Les documents nouvellement publiés ne diffèrent pas fondamentalement de ceux publiés il y a quelques semaines.

Comme indiqué précédemment à de multiples occasions, le Luxembourg convient que la légitimité de certains mécanismes, conformes aux droit applicable, peuvent être remises en question. L'interaction entre les règles et les pratiques des différents États, combinée aux règles internationales applicables en la matière, ainsi que l’application des conventions de non double imposition, peut actuellement permettre d’arriver au résultat d’une imposition très légère, voire nulle. L’analyse de ces situations ne saurait être limitée au rôle qu'un seul pays donné est susceptible de jouer dans ce contexte. La communauté internationale dans son ensemble est mise devant ses responsabilités, pour adapter les règles internationales aux réalités actuelles. Le Luxembourg contribue activement aux discussions correspondantes, y compris au sujet des rulings.

Les rulings émis par l’administration fiscale luxembourgeoise ne sont ni des contrats, ni des accords mutuels. Il s’agit de décisions unilatérales de l’administration fiscale. Ils ne sont pas, et n’ont jamais été secrets. En effet, le Luxembourg pratique, de manière spontanée ou sur demande, l'échange d'informations relatif aux rulings avec d'autres pays, conformément aux traités contre la double imposition, aux directives et accords relatifs à la coopération administrative et à l'assistance mutuelle en matière fiscale. Le Luxembourg soutient l'initiative de la Commission européenne tendant à présenter rapidement un projet de directive relatif à l'échange automatique des informations relatives aux rulings entre les autorités compétentes des pays membres de l'UE.

Pour plus d'informations, veuillez consulter les annexes suivantes :

  • Prise de position du gouvernement luxembourgeois au sujet de la pratique des décisions anticipées en matière fiscale (11.11.2014)
  • The governement's position paper on tax transparency and rulings (seulement en anglais; 10.12.2014)
Veuillez noter que le ministère ne commente pas des dossiers particuliers.

Communiqué par le ministère des Finances

Press release (10.12.2014)
The Luxembourg ministry of Finance comments on the latest publications by the ICIJ

The ministry of Finance acknowledges the publication by the International Consortium of Investigative Journalists (ICIJ) and affiliated medias of a further series of advance tax decisions (“rulings”) issued by the Luxembourg tax administration. As with previous publications (“Luxleaks”), the way in which these documents were acquired is highly questionable.

The now released documents do not fundamentally differ from those already published a few weeks ago.

As previously stated on numerous occasions, Luxembourg agrees that the legitimacy of certain mechanisms, which are compliant with international and national law, can be put in doubt from an ethical point of view. Currently, the interaction of the tax regimes of multiple countries, within the current international framework, together with the application of non-double taxation treaties, can lead to a significant reduction of a company’s tax burden, or even no taxation at all. The analysis of this situation calls for a broad perspective, and cannot be limited to one country's regulatory framework. The international community as a whole faces a responsibility to adapt international regulations to current realities. Luxembourg actively supports the corresponding European and international initiatives, including with regard to the use of tax rulings.

Rulings issued by the Luxembourg tax authority are neither contracts nor mutual agreements. They are unilateral decisions by the tax authority. They are not, and never have been, secret. In fact, Luxembourg, upon request, exchanges information on rulings with other countries, as foreseen by non-double taxation treaties as well as by directives and agreements concerning administrative cooperation and mutual assistance in tax matters. Luxembourg supports the initiative of the EU Commission to quickly present a draft directive aimed at introducing a mandatory automatic exchange of information on tax rulings between the competent authorities of the EU member states.

For further Information, please find attached hereto :

  • The government’s position on the practice of issuing tax rulings (11.11.2014)
  • The ministry of Finance’s position paper on tax transparency and rulings (10.12.2014)
Please notice that the ministry does not comment on individual cases.

Released by the Ministry of Finance

Virgeschicht

Bei LuxLeaks I de 5. November war jo bekannt ginn, datt eng 28.000 Säiten Dokumenter beleeën, datt eleng PwC 548 Rulingen opgesat hat. Vun dëse Steieraccorden tëscht grousse multinationale Firmen an dem Grand-Duché hunn eng 350 Entreprisë profitéiert – si hunn doduerch Steieren a Milliardenhéicht gespuert ... wat fir vill Gedäisch an de Medie gesuergt an den Drock op Lëtzebuerg erhéicht huet. Als "Paradies der Unmoral" hat d'Südeutsche de Grand-Duché betitelt.

Ministère hat anticipéiert

Well déi nei Informatiounen um Dënschdeg imminent waren, hat de Finanzministère per Communiqué virgegraff an dora scho mol prophylaktesch betount, datt d'Rulingen net geheim sinn an et och ni waren.

Um Briefing nom Regierungsrot de leschte Freideg hat de Staatsminister Bettel jo gesot, dass een am Kader vu LuxLeaks mat weidere Revelatioune rechent.

De Finanzministère huet um Dënschdeg op d'Ukënnegunge reagéiert an anticipéiert: D'Rulinge wieren net geheim a wieren et och ni gewiescht.

Um Méindeg war jo d'Nouvelle duerch d'Medien zirkuléiert, datt déi belsch Steier-Autoritéite vu Lëtzebuerg d'Ruling-Accorde kritt hunn, déi de Grand-Duché mat Entreprisen a räiche Familljen aus der Belsch gemaach huet.

De Finanzministère preziséiert an deem Kontext mat, datt déi Accorden nach ni geheim waren, den Informationsaustausch géing de manière spontanée oder op Demande praktizéiert ginn. Geschéie géing dëst op Basis vun Direktiven, vun den Traitéen, fir eng duebel Besteierung ze evitéieren, oder op Basis vun anere Cooperatiounsdirektiven an Accorden, déi den Domaine concernéieren.

Communiqué (09.12.2014)

Le ministère des Finances du Luxembourg prend position sur la question de l'échange d'informations relatives aux décisions anticipées en matière fiscale («rulings»)

Des articles de presse ont récemment évoqué l'accord entre le Luxembourg et la Belgique relatif à un futur échange d'informations relatif aux rulings.

Ceci souligne que les rulings émis par les autorités fiscales luxembourgeoises ne sont pas, et n'ont jamais été secrets. Le Luxembourg pratique, de manière spontanée ou sur demande, l'échange d'informations relatif aux rulings avec d'autres pays, conformément aux traités contre la double imposition, aux directives et accords relatifs à la coopération administrative et à l'assistance mutuelle en matière fiscale.

Les discussions entre les autorités fiscales luxembourgeoises et leurs homologues des autres pays montrent que l'échange d'informations relatif aux rulings sur base de demandes de transmissions plus larges pourrait se faire dans le cadre de ces mêmes règles.

Ces développements sont en ligne avec la position du Luxembourg en faveur de l'initiative de la Commission européenne tendant à présenter rapidement un projet de directive relatif à l'échange automatique des informations relatives aux rulings entre les autorités compétentes des pays membres de l'UE.

Communiqué par le ministère des Finances

Press release (09.12.2014)

The Luxembourg Ministry of Finance comments on the exchange of tax rulings

Recent media reports have focused on the agreement between Luxembourg and Belgium with regard to a future exchange of information relating to tax rulings.

These proceedings underline that the rulings issued by the Luxembourg tax authorities are not, and have never been, secret. In fact, Luxembourg, spontanously and upon request, exchanges information on rulings with other countries, as foreseen by non-double taxation treaties as well as by directives and agreements concerning administrative cooperation and mutual assistance in tax matters.

The discussions between the Luxembourg tax authorities and its relevant counterparties with regard to the transmission of a broader set of rulings show that such an exchange could be done within this same framework.

These developments are in line with Luxembourg’s commitment to the initiative of the EU Commission to quickly present a draft directive aimed at introducing a mandatory automatic exchange of information on tax rulings between the competent authorities of the EU member states.

Released by the Ministry of Finance