Ech sinn een Element vun engem generelle Mouvement, dat seet dee fréiere Mataarbechter vu PWC deen e Freideg am Kontext vun der LuxLeaks-Affär ugeklot gouf

Domat hat hien déi ganz Ruling-Affär un d'Rulle bruecht.

Den Antoine D. erkläert an engem Exklusiv-Interview mat der Zeitung Libération, en hätt aus Iwwerzeegung gehandelt, net fir an d'Press ze kommen. Dem jonke Fransous vun 28 Joer no ass et onfair, datt sech den Ament d'Diskussioun alleng op Lëtzebuerg an op eng Consultingfirma konzentréiert. Sou Praktiken, also d'Steier-Rulingen, wieren nämlech systematesch. Dowéinst wier et lo endlech un der Zäit d'Steierpolitiken an Europa ze harmoniséieren, sou de fréiere Mataarbechter vu PriceWaterHouseCoopers zu Lëtzebuerg.

D'Dokumenter déi elo vun Journalisteconsortium ICIJ publizéiert goufen, huet den Antoine D. kopéiert ier en d'Entreprise 2010 verlooss huet, ouni konkreten Hannergedanken an ouni eng eng Protectioun an der Informatioun missen z'ëmgoen.
Hie wier op d'Rulinge gefall wéi en amgaang gewiescht wier aner Dokumenter fir seng berufflech Zukunft ze kopéieren, seet de Fransous deen nëmmen zwee Joer bei PWC geschafft huet. Hien hätt sech net wuel am Milieu gefillt, seet den Antoine D., e Milieu an deem massiv Steieroptimiséierung d'Regel gewiescht wier. Sengen Aussoen no wier hien och net deen Eenzegen deen  Dokumenter hätt.

Stellt sech d'Fro wéi d'Rulinge public goufen. Hei erkläert den Ex-Mataarbechter hie wier 2012 vun engem franséische Journalist kontaktéiert ginn an hätt doropshin acceptéiert alleguerten d'Rulingen ze kopéieren.

De Parquet hei zu Lëtzebuerg hat wéi gesot e Freideg matgedeelt, datt eng Persoun am Kader vun der Luxleaks-Affaire inculpéiert gouf, wéinst Déifstall, Violatioun vum Beruffsgeheimnis, Blanchiment an illegalen Accès zu engem Datesystem.