Accident e Méindeg am spéiden Nomëtteg géint 17 Auer op der Diddelenger Autobunn. E Camion war engem aneren hannendrop gerannt.

D'Fra déi um Camion gefuer ass war ageklemmt ginn an huet missten aus dem Camion erausgehollef kréien. Si ass op Esch an d'Spidol komm.

Am Asaz waren d'Pompjeeë vum Centre d'Intervention vun Diddeleng, grad wéi d'Police.

© CI-Dudelange

© CI-Dudelange