D'Feier war op Silvester moies géint 10.15 entstanen. De Schued hält sech awer a Grenzen a blesséiert gouf och keen. Ma de Cipa war evakuéiert ginn.

Duerch de Brand war Groussalarm fir den Asazzenter Mamer ausgeléist ginn an duerch dat séiert Agräife konnt Schlëmmeres verhënnert ginn.

D'Bewunner goufen evakuéiert an 2 Equippe mat Otemschutz hunn d'Feier ausgemaach. No enger Stonn ass erëm alles normal gelaf.

Firwat den Trockner am Cipa ugefaangen huet ze brennen, ass nach net gewosst.

RTL

© cisma.lu