Um Sonndeg de Moie géint 7.10 Auer koum et zu engem Brand op der Areler Autobunn bei der Sortie Mamer/Cap.

E Camion war op der Areler Autobunn a Richtung Belsch ënnerwee - tëscht de Sortië Briddel a Mamer.

Wéinst engem Defekt um Rad oder un de Bremsen hat sech eng Felg vun engem Camion därmoossen erhëtzt, datt de Pneue Feier gefaangen huet.

D'Flamen hu sech ausgebreet a sinn op d'Baasch an dunn op en Deel vun der Charge iwwergaangen. Et huet nawell vill gedämpt.

De Camion gouf vun der Police op der Héicht vu Mamer gestoppt, den Unhänger gouf lassgekoppelt a geläscht.

RTL

© cisma.lu

Op der Plaz waren d'Beruffspompjeeën an déi fräiwëlleg Pompjeeë vu Stroossen/Bartreng a vu Mamer.

Beim Asaz gouf kee Mënsch blesséiert, d'Autobunn hat kuerz musse gespaart ginn. Dono gouf den Trafic iwwer déi lénks Spur geleet an den Unhänger gouf ofgeschleeft.

RTL

© cisma.lu