Den Accord, deen am Ganze 36 Artikelen zielt, gouf den Deputéierten um Dënschdeg virgestallt a gëtt um Mëttwoch um Krautmaart debattéiert.

Mat enger Majoritéit vu 50 Stëmmen huet d'Chamber am Nomëtten eng Resolutioun acceptéiert, déi seet, datt et an der Verfassung e neien Artikel iwwer d'Relioune gëtt an datt déi faméis reliéis Fro aus dem Verfassungs-Referendum erausgeloss gëtt. Mat 32 Stëmmen ass d'Conventioun mat de Culten acceptéiert ginn.

D'Koalitioun huet sech gefeiert, sech an hir Conventioun mat de Culten, wëll soen an der Haaptsaach mat der kathoulescher Kierch. Den Alex Bodry huet vun engem staarken, engem historesche Moment geschwat, de Premier Xavier Bettel huet aus dem Regierungsprogramm zitéiert, wou zimlech genee dat dra steet, wat elo realiséiert gi wier.

Virdun hat awer de Claude Wiseler vun der CSV d'Conventioun mat de Culten schaarf kritiséiert: net serieux, schlampeg, flou, onpräzis huet hie se genannt a kéipweis Froen opgeworf, déi net gekläert wieren: Finanzfroen, Enseignements-Froen, Kierche-fabrikfroen.

Zanter e Mëttwoch de Moien ass och gewosst, datt d'Referendumsfro iwwert d'Bezuele vun de Paschtéieschpaien net gestallt gëtt de 7. Juni – u sech ass dat jo och hifälleg ginn wéinst dem Accord, deen zanter e Méindeg mat de Kierche fonnt gouf.
Virum Debat an der Chamber ware schonn Diskussiounen an der Institutiounskommmissioun. Do si sech d'Majoritéits-Fraktiounen an déi vun der CSV um Mëttwoch de Moien eens ginn, an déi geplangte nei Verfassung en neien Artikel iwwer d'Reliounen opzehuelen, den Artikel 117.

„Art.117.- En matière religieuse et idéologique, l'Etat respecte en vertu du principe de séparation, les principes de neutralité et d'impartialité.

La loi règle les relations entre l' Etat et les communautés religieuses, ainsi que leur reconnaissance.

Dans les limites et formes fixées par la loi, des conventions à approuver par la Chambre des députés peuvent préciser les relations entre l'Etat et les communautés religieuses reconnues.“

(l'article remplace les articles 106 et 22 actuels)

AUDIO: Den Alex Bodry
AUDIO: De Claude Wiseler

Deklaratioun um Dënschdeg

Géigesäitege Respekt, historesch, Dialog, modernen an neutrale Staat, gemeinsam Valeuren, modern Verfassung, keng verfassungsrechtlech Obligatioune méi tëscht dem Staat an de Glaawenscommunautéiten – dat sinn Elementer aus der Deklaratioun, déi de Staatsminister Bettel um Dënschden an der Chamber gehalen huet.

Et war scho bal eng Zort Deklaratioun zur Lag vun der Natioun oder besser: eng Deklaratioun zur Lag vun de Kierchen am Land, déi de Premier gehalen huet.

Et war absënns de feierlechen Toun, deen impressionéiert huet, d'Vitesse, mat där ee soss alt de Xavier Bettel erlieft huet, war an dësem Discours verschwonnen.

AUDIO: Declaration Bettel/Roy Grotz

Um Dënschdeg de Moien huet de Premier direkt 3 Chamberkommissiounen den Accord, deen d'Regierung mat de Kierchen um Méindeg ausgehandelt huet, presentéiert. Am Nomëtteg gouf den Accord dunn am Chamberplenum virgestallt. Och d'Press war um Moien informéiert ginn, vum Premier zesumme mam Educatiouns- a mam Inneminister.

AUDIO: De Xavier Bettel (Ganz Interventioun op der Pressekonferenz)
AUDIO: Claude Meisch (Ganz Interventioun op der Pressekonferenz)
AUDIO: Den Dan Kersch (Ganz Interventioun op der Pressekonferenz)

Den Accord, deen am Ganze 36 Artikelen zielt, ass antëscht public.

Ënnert anerem gëtt festgehalen, dass déi eenzel Glawenscommunautéiten hire Kult fräi an ëffentlech exerzéieren, dëst am Respekt vun der Verfassung. Weider ass et d'Präzisioun, dass déi eenzel Kierche fräi iwwert hir territorial a perséinlech Organisatioun decidéieren. Donieft engagéieren sech déi eenzel Glawenscommunautéiten, hir Mataarbechter net méi zu Laaschte vum Staatsbudget ze recrutéieren, soubal d'Konventioun a Kraaft ass. An Zukunft ass et och esou, dass ee Paschtouer mat 65 Joer muss an d'Pensioun goen.

Wat den zukünftege Finanzement vun de Kierchen ugeet, kréien déi verschidde Communautéiten all Joer ee finanzielle Support. Dëse gëtt jee no Importenz vun deene verschiddene Glawenscommunautéiten berechent. D'Budgetsenveloppe ka gekënnegt ginn, soubal déi respektiv Kierch sech net un den Accord hält. Weider gëtt an der Konventioun festgehal, dass all Kierch hir Konten um Enn vum Joer vun engem Reviseur d'Entreprise oder engem Commissaire aux comptes kontrolléiert ginn, wann de Chiffer vu 500.000 Euro depasséiert gëtt.

Wat lo méi spezifesch d'kathoulesch Kierch betrëfft, läit déi finanziell Enveloppe bei 6.750.000 Euro.

© Eric Hamus

Ee weidere Punkt am Accord ass de Wäerteunterrecht. Et ass den Educatiounsministère, dee fir d'Ausschaffe vum Programm zoustänneg ass. D'Objektiver vum Cours, d'Contenuen an d'Methodologie vun dem neie Fach gi vun der nationaler Programmkommissioun definéiert a formuléiert a vum zoustännege Ministère validéiert. De Wäerteunterrecht gëtt ee feste Bestanddeel vum Schoulplang. D'Conventioun vum 31. Oktober 1997, déi bis elo de Reliounsunterrecht an de Schoulen geregelt huet, gëtt "en commun accord" opgeléist. Am Accord tëscht Kierch a Staat ass festgehal, dass d'Reliounsenseignantë vu bis elo iwwerholl ginn an eng entspriechend Formatioun kréien.

AUDIO: Wäerteunterrecht/Lynn Gaspar

Ee weidere Punkt am Accord ass d'Schafe vun engem sougenannten "Fonds de la Gestion des Edifices Religieux du Culte Catholique", ee Fong, deen déi kierchlech Gebailechkeeten geréiert an d'Funktioun vun de Kierchefabrike vu bis elo iwwerhëlt. Dëse Fong ass an Zukunft eenzel an eleng responsabel fir d'Gestioun vum Patrimoine vun der Kierch. Ee Co-Finanzement vun de Gemengen ass ausgeschloss. Dë Fong däerf awer privat Donen an Ierfschaften unhuelen. En huet awer och d'Recht ee Gebai ze verkafen, wann en net méi capabel ass fir dën Ënnerhalt opzekommen. D'Kathedral an der Stad an d'Basilika zu Iechternach falen ënnert ee spezielle Regime. Wéi et heescht, sinn dëst reliéis Gebailechkeete vun nationaler Wichtegkeet.

AUDIO: Kierchefabriken/Eric Hamus
VIDEO: Kierchefabriken
De SYFEL, Syndikat vun de Kierchefabriken, mengt, den Accord géif op lokalen Plang nawell Onrou bréngen.

Wat lo nach déi aner Glawenscommunautéite betrëfft, ass an der Conventioun festgehalen, dass de Culte Israélite an Zukunft eng finanziell Enveloppe an Héicht vun 315.000 Euro kritt. Déi finanziell Ënnerstëtzung fir déi protestantesch Kierch chiffréiert sech op 450.000 Euro. Fir déi orthodox Kierch sinn et 285.000 Euro, de Culte musulman 450.000 Euro a fir déi anglikanesch Kierch gouf déi finanziell Enveloppe op 125.000 Euro fixéiert.

D'Conventioun huet eng Dauer vun 20 Joer a leeft automatesch weider, ausser si gëtt nei verhandelt.

AUDIO: Reaktioun Koalitioun/Reportage Nico Graf
AUDIO: Reaktioun Oppositioun/Reportage Roy Grotz

E ganz opmierksame Observateur op der Chamber-Tribün um Dënschdeg war de General-Vikar vun der Kathoulescher Kierch, den Erny Gillen, dee jo och Haaptacteur an de Verhandlungen tëschent Regierung a Kierch war. Wat do decidéiert an annoncéiert ginn ass, dat géif "ausseruerdentlech wéi doen", sot hien herno, mä d'Kierch wär elo erëm méi no bei hire Gleewegen. Den Erny Gillen, hat een d'Impressioun, deen huet schonn e bëssen un deem ze knaen, wat do elo arrêtéiert ass. Hie léisst keen Zweiwel drun, datt Kierch a Staat vun elo un méi däitlech getrennt sinn. A just duerfir bräicht et Reglementatiounen.

VIDEO: Reaktioun Erny Gillen
De Generalvikar zielt op d'Ënnerstëtzung vun der CSV.

Verhandlungen

Um Méindeg am fréien Owend gouf sech d'Regierung mat de 6 konventionéierten Cultes an der Shoura vun der moslemescher Communautéit iwwert en Text eens, deen d'Basis duerstellt, fir als Conventioun kënnen ënnerschriwwen ze ginn.

Do virdrun awer muss et zu engem politeschen Accord kommen an eng Loi d'Approbation muss gestëmmt ginn. Deen Debat ass um Mëttwoch an der Chamber. De Staatsminister mécht um Dënschdeg schonn eng Deklaratioun.

Wéi de Staatsminister Bettel no der Reunioun mat de Kierche sot, géifen d'Artikelen, déi d'Obligatioune vum Staat vis-à-vis vun de Glawenscommunautéiten an der Verfassung festleeën, aus der Constitutioun erausgeholl ginn. Dat wier och d'conditio sine qua non fir Conventioune mat de Kierchen ofzeschléissen, wat also séier geschéie kéint.

AUDIO: Reaktioun Xavier Bettel

Fir den Äerzbëschof Hollerich waren d'Gespréicher mat der Regierung éierlech, mä natierlech géifen et Punkten am Kompromëss ginn, déi géife wéi doen an d'Kierch wäerten deier ze stoe kommen. Erfreet ass de Chef vun der kathoulescher Kierch, datt d'Basis, also d'Paschtéier an aner Bistums-Mataarbechter, dem Accord positiv géintiwwer géife stoen.

AUDIO: Reaktioun Äerzbëschof Hollerich
VIDEO: Reaktioun Äerzbëschof Hollerich
Den Äerzbëschof reagéiert, no der Sitzung vun denowend. Hie schwätzt kloer vun Trennung vu Kierch a Staat.

„Dësen Accord stellt d'Enn vun enger Diskriminéierung duer“, sou sot et no der Reunioun vum Méindeg de Sabahudin Selimovic vun der Shoura, déi eng 4000 gleeweg Moslems am Land vertrëtt.

VIDEO: Reaktioun Shoura
„Dësen Accord stellt d'Enn vun enger Diskriminéierung duer“, sou de Sabahudin Selimovic vun der Shoura
AUDIO: Suivi Diskussioune Kierch a Staat - Nico Graf (19.1.15)

Wäerteunterrecht - iwwerrascht, skandaliséiert ...

Souwuel d'SEW, wéi d'Initiativ fir de Choix an och déi Lénk goufen iwwerrascht, wéi se de Weekend héieren hunn, dass et en Accord soll ginn tëscht der Kierch an der Regierung.

An esou enger kriddleger Fro, wou et ëm d'Kär-Aspekter geet vun der Trennung vu Kierch a Staat, ass et fir de Serge Urbany onvirstellbar, dass d'Chamber net virdru consultéiert gëtt.

AUDIO: Wäerteunterrecht: Jo? Nee? A wa jo, da wéi? Rep. A. Brücker

Wat d'Fro vum Wäerteunterrecht ugeet, kéint et och net sinn, dass scho soll kloer sinn, dass d'Reliounsenseignanten dee Cours sollen halen, nodeems se eng speziell Formatioun solle kritt hunn: "Mer wësse jo och net, wat sech do derhannert alles verstoppt ... Dat Ganzt ass vun hannen ugefaangen ... Komm mer definéieren emol, wat mer e Cours do wëllen opbauen an dann decidéiere mer, wéi eng Qualifikatiounen d'Leit mussen hunn", esou den Deputéierte vun Déi Lénk.

De Paul Galles vun der Initiativ "Fir de Choix" ass och iwwerrascht gi vun den Nouvellen iwwert en eventuellen Accord a si si virun allem enttäuscht, well déi iwwer 25.000 Ënnerschrëften. déi vun hinne gesammelt goufen, hei einfach ignoréiert ginn. Si wëlle sech nach guer net mat der Iddi befaassen, dass de Wäerteunterrecht soll kommen: "Mir kämpfe weider fir eist Uleies. Mir loossen eis op déi Froen am Moment guer net an."

De Patrick Arendt, President vun der SEW, ass skandaliséiert. Si goufen déi lescht Wochen a Méint komplett aus de Gespréicher erausgehalen a si krute guer keng Informatiounen. Wat d'Fro vun den Enseignanten ugeet, déi dee Wäerteunterrecht sollen halen, hu se awer eng kloer Positioun: "Fir eis ass et absolut onméiglech, datt déi Leit, déi de Reliounsunterrecht gehalen hunn, elo sollen agesat gi fir de Wäerteunterrecht." Et kéint op alle Fall net sinn, datt de Reliounsunterrecht just een aneren Nimmche géif kréien ... Et misst een awer kucken, wéi eng Formatioun déi Leit hunn, déi bis elo de Reliounsunterrecht gehalen hunn, a wann d'Formatioun et zouléisst, déi dann an der Schoul hält, awer se op kee Fall responsabel mécht fir de "cours unique".

Pressecommuniqué vun "Fir de Choix" vum Sonndeg

Als Reaktion auf die kursierenden Informationen bezüglich eines anstehenden Abkommens zwischen der Regierung und den Religionsgemeinschaften bezieht die unabhängige Bürgerinitiative „Fir de Choix“ folgende Stellung:

1. „Fir de Choix“ zeigt sich enttäuscht und frustriert über die scheinbar sichere Einführung eines gemeinsamen Werteunterrichts und die damit verbundene Abschaffung der Wahlfreiheit. Die Stimmen von mehr als 25.000 Unterzeichnern werden weiterhin ignoriert. In einer partizipativen Demokratie ist dies ein inakzeptabler Vorgang.

2. „Fir de Choix“ vertritt weiterhin eine Position, in der Eltern und Schüler aller Weltanschauungen sich wiederfinden, und zeigt sich deswegen entsetzt über die religionsfeindliche Stellungnahme von ALPE, FGIL, LLE und SEW, von denen ein Teil des Schulpersonals vertreten wird und die deshalb von Berufs wegen an das Prinzip der Neutralität gebunden sind. Ein Teil des Personals ist demnach bekennend nicht-neutral. Dadurch wird das Vertrauen der Eltern in diese Organisationen von Grund auf erschüttert. Dies beweist, dass die Neutralität des geplanten Werteunterrichts grundsätzlich unmöglich ist.

3. Das Mitspracherecht der Eltern wird von der Regierung zwar immer wieder gewünscht, bei der Wertevermittlung aber mit Füssen getreten.

4. „Fir de Choix“ bedauert, dass die fundamental wichtige Frage der Bildung unserer Kinder und Jugendlichen mit strategischen Fragen der „Trennung von Kirche und Staat“ vermischt wird. Die rezenten Ereignisse zeigen, wie gefährlich es werden kann, wenn Religion von Staatsseite in den reinen Privatbereich verbannt wird, und wie unumgänglich es ist, dass fachkompetentes Personal im Rahmen des öffentlichen Unterrichts über Rolle und Bedeutung der Religionen aufklärt.

Bürgerinitiative „Fir de Choix“

info@firdechoix.lu