Um Mëttwoch de Mëtten huet d'CISMA missten erausréckelen, well et an der Kiche vun engem Haus an der Areler Strooss gebrannt hat.

En Noper hat d'Pompjeeën alarméiert, well d'Damp aus dem Haus koum. Wéi d'Leit vum CISMA op der Plaz ukomm sinn, hu si festgestallt, datt d'Bewunner net doheem. Am Haus waren awer nach d'Déiere vun de Besëtzer, 4 Hënn an eng Kaz. Dës konnten d'Pompjeeë retten an och de Brand an der Kiche läschen.

Op der Plaz waren 5 Ween mat 24 Mann vun der CISMA.