Wéint dem Schnéi goufen et uechter d'Land um Samschdeg eng Partie Accidenter a gespaarte Stroossen.

Tëscht 9.30 Auer an 11 Auer koum et uechter d'Land zu 5 Accidenter mat all Kéiers engem liicht Blesséierten.

Zu Réiden kruten 2 Ween sech ze paken, dat nämmlecht ass tëscht Ëlwen a Wilwerdang geschitt. Tëscht Bruch a Miersch ass en Auto de Rampli erofgefuer. Um 11 Auer sinn zu Käerch 2 Autoen anenee gerannt.

VIDEO: Mat e puer Zentimeter Schnei, ass de Wanter zeréck.
Eng ganz Rei Accidenter op onse Stroosse bloufen net aus. 5 Leit goufe liicht blesséiert wei e Bus an e Bam gerutscht ass.
RTL

© CI Larochette

Zu Schrondweiler haten d'Rettungsdéngschter aus der Fiels an vun der Gemeng Noumer Problemer fir den Accident ze fannen, war et dach am Ufank anescht gemellt ginn. Wéint de schlechte Meteoskonditioune hu si ee groussen Ëmwee gemaach, fir op d'Plaz ze kommen.

Um 16.40 Auer war et nach eng Kollisioun tëscht 2 Autoen zu Esch an der Bieleser Strooss.

Stroosse gespaart

A wéinst dem Schnéi war de Bäreler Bierg gespaart ginn.

Accident tëscht Groussbus a Viichten: Dës Streck war komplett gespaart. Bei engem Accident tëscht 2 Bussen an engem Camion blouf et beim Materialschued.

RTL

Tëscht Tënten a Bur op der N12 ass am Ufank vum Nomëtteg e Bus an e Bam gerannt. 4 Leit goufe liicht verwonnt. D'Strooss war gespaart.

RTL

© cisma.lu

Ofgesot/Annuléiert

D'Handballfederatioun deelt mat, datt all d'Jugendmatcher vun haut an muer wengst den aktuellen Wiederkonditiounen ofgesot goufen.

An och bei der Luxair ginn et Problemer, den Detail fënnt een op luxair.lu

D'Vollen, déi am spéide Moie scho sollten op Frankfurt a Paräis eraus goen, an déi op elo 14 Auer verluecht gi waren, hu missen annuléiert ginn.

Ausland

De Wanter mellt sech also zeréck: bei eise franséischen Nopere gëllt fir 36 Departementer eng orange Alerte wéinst Schnéi a Glatäis.

Déi Alerte soll bis op mannst bis 16 Auer am Nomëtteg gëllen. Deen éischte Schnéi a Schnéireen mat spigelglate Stroossen ass géint Hallefnuecht vun der Manche aus eriwwer gezunn.

An och fir d'Belsch gëllt eng Orange Alerte: Et goufen och schonn e puer Accidenter dorënner der zwee op der E 411 vu Bréissel an Direktioun Lëtzebuerg.

Zu Frankfurt um Fluchhafen huet de Schnéi de Fluchtrafik op d'Kopp gedréit: D'Lufthansa huet präventiv 39 Volle gestrach.

RTL

Parc Housen am Schnéi / © Philippe Wagner