Vum Méindeg, dem 16. Februar u ginn et nei Päss. Lëtzebuerg krut een zousätzlechen Delai vun der Europäescher Kommissioun operluecht.

Den neie Pass ass mat engem biometreschen Chip vun der neier Generatioun equipéiert op deem all d'Informatiounen, déi och am Pass stinn, ofgespäichert sinn. Schonn zanter 2008 ass an eise Päss een Chip dran. Differenz zu där neier Puce ass, dass d'Donnéeën nach méi securiséiert sinn an d'Prozeduren, fir den Chip ze programméieren, verbessert goufen.

AUDIO: Extrait Jean Asselborn/Neie Pass

Lëtzebuerg ass eent vun den éischte Länner an der EU, dat den neien d'Chip-System an Ëmlaf bréngt.

Déi Päss, déi elo nach valabel sinn, behalen hir Gültegkeet. Et muss een deemno keen neie Pass ufroen.
Den neie Pass ass och an Zukunft fir fënnef Joer valabel. Dat gëllt och fir een Zweetpass. Dëse wor bis elo ëmmer nëmmen zwee Joer gülteg.

De Pass kascht 50 Euro.

Muss de Pass d'Urgence vun haut op muer erneiert ginn, well een zum Beispill vergiess hat een neie Pass unzefroen, wéi den alen ofgelaf ass, muss een ee Supplément vun 100 Euro bezuelen.

De Passbüro kritt an der Moyenne 6 mol den Dag eng Demande fir d'Urgence ee Pass auszestellen, besonnesch an de Vakanzenzäiten. Dacks vergiessen d'Leit matzäiten an hire Pass ze kucken, ob Dokument nach gülteg ass.

Am normalen dauert et 7 Deeg fir ee Pass ze kréien. Den neie Pass kann an Zukunft, wann eng Urgence besteet, bannent 3 Deeg fäerdeg sinn. Dee Moment gëtt allerdéngs ee Supplément vun 100 Euro gefrot.

Baussen huet optesch net vill um neie Pass geännert. Dofir awer bannendran. Op all Säit gouf een anert Motiv ofgedréckt, ënnert aneren de Groussherzogleche Palais, d'Philharmonie, d'Gëlle Fra, de Musée Dräi Eechelen, de Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean an d'Coque.

2014 goufen hei zu Lëtzebuerg ganz genee 31.588 Päss ausgestallt.

Op enger Pressekonferenz e Freideg de Moien gouf den neie Pass virgestallt. / © MAEE