Wéi eng Roll hat d'Verwaltungskommissioun, déi eng Zort Ersatzregierung war, nodeem déi offiziell Regierung no der Besatzung an den Exil gaange war?

Huet déi Kommissioun just op Uerder vun den Däitschen agéiert oder war se aktiv un der Deportatioun a Spoliatioun vun de Judde bedeelegt?

Äntwerten op dës historesch wichteg Froen gouf et en Dënschden de Mëtten am Rapport vun engem Fuerschungsteam vun der Uni Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Vincent Artuso.

Konkret goung et ëm d'Fro, a wéi wäit déi Verwaltungskommissioun am Zweete Weltkrich mat responsabel wor fir d'Deportatioun vun de Judden zu Lëtzebuerg. Den Historiker Denis Scuto hat d'Debatt ugestouss, andeems hie bei Radio Lëtzebuerg op der Antenn eng Lëscht mat den Nimm vun 280 jiddesche Kanner public gemaach hat, déi vun der Verwaltungskommissioun un d'Nazien verrode gi waren. De Staatsministère hat d'Uni am Juni virun zwee Joer mat de Recherche chargéiert.

Am Optrag also nach vun der CSV/LSAP-Regierung ass dee Rapport ausgeschafft ginn, deen op iwwer 200 Säiten ënnersicht, wéi et derzou koum, datt dës Interims-Regierung effektiv administrativ matgehollef huet, datt Judden am Land verfollegt an deportéiert goufen. Wéi den Historiker Vincent Artuso a sengem Rapport duerleet, ginn d'Ursaachen vun dësem Handele vun der Verwaltungskommissioun ënnert engem Albert Wehrer op d'30er-Joren zréck.

AUDIO: Rapport Artuso: Reportage Roy Grotz

Et kënnt een am Rapport zur Conclusioun, dass d'Verwaltungen deemools kollaboréiert hunn, wa se gefrot goufen, an dat dann och genee exekutéiert hunn.

Eng vun den Explikatiounen, sou de Rapport Artuso, läit an der Approche zu Judden, déi scho Jore virum Krich lues a lues entstanen ass.

Schonn an den 30er-Joren, wéi d'Nazien un d'Muecht koumen, hu vill Judde probéiert, hei am Land Exil ze fannen.

D'Gefill vun Iwwerfrieme wier entstan. Mat der däitscher Occupatioun sinn och déi Lëtzebuerger Judden an déi Kategorie erakomm.

Dat Ganzt huet sech ëmmer weider gesteigert, bis hin zum Acceptéiere vun de Nürnberger Rassegesetzer an deem domadder d'accord Sinn, datt och Lëtzebuerger Judden net méi zréck an d'Land dierfen.

D'Regierung huet dem Rapport no eng zweedäiteg Positioun ageholl a scho fréi goufen administrativ Demarchë getraff, fir Judden z'erfaassen – och d'Verwaltungskommissioun huet d'Terminologie vun Arier an Net-Arierer ugeholl a verschidde Beamte waren esouguer iwwerfläisseg, fir entspriechend Lëschten opzestellen respektiv och dobäi ze hëllefen, datt dës Leit, déi zu enge 50.000 a Südfrankräich op der Flucht waren, hir Haiser a Wäertgéigestänn géifen ofgeholl kréien.

Dës Treuhandgesellschaft zielt de Vincent Artuso als eent vun de Beispiller a sengem Rapport vu Matschold op a bezitt sech op de Collège des Contrôleurs, deen ewell fréi dem VdB beigetrude wier, nämlech am September 1940.

D'Zesummenaarbecht tëscht der Verwaltungskommissioun an dem Regime vum Gauleiter Simon war eng Collaboratioun op villen administrativen Niveauen, Uerdere goufen ouni Géigefro exekutéiert, woubäi z.B. och Lëschte vun engen 280 jiddesche Kanner vu Schoulinspekteren opgestallt goufen, mä et allgemeng séier wéineg Forme vun oppenem Protest oder Resistenz gouf ...

AUDIO: De Vincent Artuso (1)

D'Administratioun hätt sech deemools quasi dran erginn, datt Däitschland de Krich wënnt, datt et eng nei Uerdnung gëtt an de Gauleiter Simon d'Soen hat.

Ënnert dem Stréch kann een dem Rapport Artuso no soen, dass d'Lëtzebuerger Iwwergangsverwaltung mat der däitscher antisemitescher Politik kollaboréiert huet, an zwar an 3 Beräicher: dem Identifizéiere vun de Judden, beim Expulséieren aus dem ëffentlechen Déngscht, Fräiberuffer a Schoulwiesen an drëttens bei der Spoliatioun vun hirem Besëtz.

Wat d'Exilregierung betrëfft, heescht et, datt si d'Hänn net an de Schouss geluecht huet, mä bei hiren Demarchen net ëmmer Succès hat.

Fir de President vum wëssenschaftlechen Conseil, de Professer Michel Pauly, misst een dat Handelen natierlech an de Kontext vun der deemoleger Zäit setzen - net all Lëtzebuerger wier vun Ufank un dann och e Resistenzler gewiescht ...

AUDIO: De Michel Pauly

Och den Historiker Vincent Artuso kënnt a sengen Aussoen drop ze schwätzen, datt een d'Handele vun der Verwaltungskommissioun misst am Liicht vun der Zäit an och den 30er-Jore gesinn. Resistenz wier net iwwerall gewiescht ...

AUDIO: De Vincent Artuso (2)

© Ministère d’Etat

Fir de Staatsminister Xavier Bettel ass elo emol en historesche Flou op d'mannst zu engem Deel mam Rapport Artuso fort, och wann z.B. d'Fro vun de Gidder vu jiddesche Familljen nach ze kläre bleift. Datt villes Ugangs vum Krich net einfach gewiescht wier, ass kloer, an awer misst een ëm Opklärung beméit sinn, sou de Xavier Bettel.

AUDIO: De Xavier Bettel

De Staatsminister huet eng Consultatiounsdebatt an der Chamber mat duerno Suitten ugekënnegt. Hie sot sech frou, dass en historesche Flou elo aus der Welt geschaaft ass. Wann dat heescht, datt d'Regierung sech misst fir falscht Verhalen vun den deemolegen ëffentlechen Instanzen ënnert de Nazien entschëllegen, da wäert dëst geschéien, sou de Premier Bettel am Numm vun der Regierung.

Um Mëttwoch de Moien op Radio Lëtzebuerg huet de François Moyse, Member vum Consistoire, op de Rapport reagéiert.

AUDIO: Interview mam François Moyse iwwer de Rapport Artuso

De François Moyse

VIDEO: Reaktiounen op de Rapport Artuso
Allgemeng gëtt de Rapport beim Consistoire israélite begréisst, ob de Premier sech soll entschëllegen, doriwwer sinn d'Menunge gedeelt.