Zwou Persoune goufen um Dënschdeg zu Fréiseng liicht blesséiert, eng weider Persoun um Mëttwoch op der Stréck tëscht Garnech an Holzem.

Um fréien Dënschdegowend hat et bei enger Tankstatioun bei Fréiseng gerabbelt, zwee Autoe waren net laanschtenee komm. Béid Gefierer goufe beim Opprall schwéier beschiedegt, d'Persoune just liicht verwonnt. Awer koume si mam Rettungsdéngscht vu Beetebuerg an d'Spidol.

Den Accident op der Benzinsstatioun zu Fréiseng huet dozou gefouert, datt 2 vun den 3 Spueren op der Plaz hu misste gespaart ginn, fir datt d'Rettungsequippe konnte bei kommen. Op der Plaz waren de Rettungsdéngscht vu Beetebuerg, d'Pompjeeë vu Fréiseng an Uespelt souwéi eng Patrull vun der Police.

RTL

© CISMA.lu

Um Mëttwochmuere koum et op der National tëscht Garnech an Holzem zu engem weideren Accident. E Gefier koum dobäi an enger laanggezunne Rietskéier vun der Strooss of an ass an deem 4 Meter méi déif geleeëne Feld gelant. Den Auto koum awer net direkt zum Stoen, mä ass nach ronn 30 Meter duerch d'Feld gefuer, woubäi den Auto nach an eng Mauer gerannt ass.

D'Persoun am Auto gouf ageklemmt, sou datt d'Rettungsdéngschter hydraulesch Geräter hu missten asetzen. Op der Plaz war de CISMA, souwéi de SAMU vun Esch an d'Police vu Capellen.

Ee Blesséierte gouf et de Mëttwoch Moie fréi bei engem Accident op eise Stroossen. Um 5.45 Auer war no der Autobunnssortie Stengefort en Automobilist iwwert d'Kräizung gerutscht. Doropshi war en anert Gefier an dat éischt gerannt. Eng Fra am zweete Won gouf verwonnt.