Um Sonndeg war eng Commemoratiounszeremonie um Glacis an der Stad.

Et gouf un déi 23 Cheffe vun der Resistenz geduecht, déi de 25. Februar 1944 am Hinzerter Bësch erschoss goufen, un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert ëmbruecht goufen an un all déi Resistenzler, déi a Kazetter a Prisongen ëmkomm sinn.

D'Resistenz hat zu Lëtzebuerg, während dem Zweete Weltkrich, vill Gesiichter, seet de Frank Schroeder, den Direkter vum nationale Resistenzmusée.

Si ass zu engem groussen Deel ouni Gewalt geschitt. Et gouf ganz wéineg Waffegewalt, dat läit zum Beispill dodrunner, datt et hei am Land schwéier war u Waffen ze kommen.

Ma och bei der Efficacitéit vun der Lëtzebuerger Resistenz muss een differenzéieren, seet de Frank Schroeder, extrem efficace wier se eréischt no 1944 gewiescht, wéi dausende Leit hu misste verstoppt ginn.

Den Direkter vum nationale Resistenzmusée betount och, dass um nationalen Dag vun der Resistenz nieft den Doudegen och un all aner Form vu Resistenz  erënnert gëtt.

AUDIO: Nationalen Dag vun der Resistenz Reportage Ben Eich
VIDEO: Nationalen Dag vun der Resistenz.
Geschicht an Aktualitéit leien no bei ënnen. Geduecht gouf Affer aus der Zäit vum 2t. Weltkrich. Gewarnt gouf virum opbléien vu Krich, Terrorismus an Intoleranz