Direkt zwee Mol hunn d'Pompjeeë vun Diddeleng um Sonndeg misster eraus, fir e Brand ze läschen.

Géint 16.15 si si bei de Stade John F. Kennedy geruff ginn, wëll hei en Dreckscontainer a Flame stoung. Wou si dëse geläscht haten ass opgefall, datt et och op der Tribüne vum Stadion zu engem weidere Brand koum. Wéinst den zwee Virfäll esou no beieneen ënnersicht d'Police elo, op et sech net ëm Brandstëftung kéint handelen.

Am fréien Owend um 19.30 Auer gouf et e weideren Asaz fir de Centre d'intervention Dudelange. An der der Géigend vun der Schoul stoung eng Camionnette a Flamen an d'Feier war schonn dobäi, op d'Gefier niewendrun iwwerzegräifen. Och en Auto, deen nach an der Géigend stoung, gouf vum Feier beschiedegt. D'Pompjeeë konnten dëse Brand awer mat Hëllef vun Drockloftschaum läschen.