Vun den 3 Referendumsfroe fir de 7. Juni ass et sonner Zweiwel déi iwwer d'Auslännerwahlrecht, déi am Meeschten an am kontroversten diskutéiert gëtt.

Esou gutt d'Säit vum Pro, wéi och déi vum Kontra mobiliséieren. Zënter enger gudder Woch ass eng nei Platform um Internet a Facebook, déi sech Nee2015.lu nennt. Et ass eng Privatinitiativ vun zwee Kollegen, déi vu sech soen, si wären apolitesch an et géif hinnen drëms goen, fir sachlech d'Argumenter ze presentéieren, déi hirer Meenung no géint dat Wahlrecht schwätzen.

D'Recht fir een nationaalt Parlament ze wielen, misst un d'Nationalitéit gebonne bleiwen. D'Auslänner hätte jo och elo schonn d'Méiglechkeet, matzewielen, virausgesat si hu sech fir déi duebel Nationalitéit decidéiert.

Eent vun den Argumenter vun de Verdeedeger vum Jo, nämlech datt all déi Leit sollten an engem Land wiele kënnen, déi do Steiere bezuelen, léisst de Fred Keup, ee vun den Auteure vun der Plattform dogéint, net gëllen. Dat géing jo da bedeiten, datt all déi Leit, déi keng Steiere bezuelen, wéi Hausfraen oder Studenten, dann net méi dierfte wielen.

Iwwerall an Europa wielen déi Leit hiert national Parlament, déi d'Nationalitéit vum Land hunn, stellt de Fred Keup fest.

Wa Lëtzebuerg dee Prinzip als eenzeg Land an Europa géif opginn, da géif een domat ee grousse Risiko agoen an als eenzegt Land eis Souverinéit opginn, esou de Fred Keup.

Wann et zu deem Wahlrecht fir Auslänner kënnt, esou de Fred Keup nach, muss ee sech bewosst sinn, datt et dann zwou Klasse Wieler gëtt: Déi eng musse wiele goen an déi aner kënne wiele goen. Derbäi gëtt eng Spléckung vun der Wielerschaft gefaart, wou jidderee probéiert, fir seng Communautéit dat Bescht erauszeschloen wouduercher d'Solidaritéit hei am Land kéint verluer goen.

Et däerf net just de Moment gekuckt ginn, gëtt de Fred Keup ze bedenken: "An 10, 20 Joer, wann effektiv och d'Auslänner dat passiivt Wahlrecht kréien, da kann et net méi goen, dass an der Chamber just Lëtzebuergesch geschwat gëtt an da kann ee sech natierlech froen, wat wier e Saz an der Verfassung wäert, wou dra steet, d'Sprooch vu Lëtzebuerg ass Lëtzebuergesch."

Bis elo hätt d'Zesummeliewen tëscht Lëtzebuerger an Auslänner hei am Land gutt geklappt, an dat sollt een net op d'Spill setzen.

AUDIO: Nee2015.lu: D'Diane Klein huet mam Fred Keup geschwat.