„Sozial Demokratesch Vollekspartei“ heescht eng nei politesch Gruppéierung, déi de 25. Abrëll offiziell soll gegrënnt ginn.

Um Facebook-Kont vum Nico Castiglia, engem vun den Initiateuren, ass d'SDV - sou der politescher Gruppéierung hir Ofkierzung - dann och scho present.

Et fënnt een do ewell hire Logo, mat, um Fong, den Ëmrësser vum Lëtzebuerger Land, doriwwer e schwiewende rout-wäiss-bloe Fändel an dorop e roude Léiw. Der zukünfteger Partei geet et dann och v.a. ëm dat Nationaalt. Dat steet am Virdergrond, well net genuch fir d'Land a seng Bierger géif gemaach ginn an déi 4 grouss Parteien einfach déiselwecht Politik viruféiere géifen.

De 54 Joer alen Nico Castiglia schafft, wéi hie betount, scho méi laang um Projet Sozial Demokratesch Vollekspartei. Et wieren eng 40-50 Leit. Bei déi all Dag neier dobäi kéimen. Ënnert deene 40-50 Leit wären der, déi bis elo nach näischt mat Politik um Hutt haten. Do kommen nach anere derbäi, ob vum lénken oder rietse Bord.

Zur Ausriichtung vun der SDV sot ee vun hiren Initiateuren, dass ee sozial gesi lénks verankert wär, awer riets, fir d'Lëtzebuerger an hiert Land ze verdeedegen, soudass et seng Stëmm behale kéint, ënnersträicht den Nico Castiglia.

Op deem sengem Facebook-Kont ass ze gesinn, dass de Front national hien inspiréiert. Et soll awer vläicht net grad sou extrem ginn a gewësse Saache wéi den FN. Op deem Bord wär eng Partei néideg, eng Partei, där hire Programm auszeschaffe bleift. Eng Iddi ass déi heiten: De System vum RMG kéint net méi weiderlafen, well sou géifen déi Leit an och hir Kanner ëmmer méi verschëlt ginn.

D'Zil vu senger Partei wär et, deene vum lénken a vum rietse Bord Stëmmen ewechzehuelen. Et wier eng riseg Onzefriddenheet, souwuel bei der LSAP wéi an der CSV.

D'Sozial Demokratesch Vollekspartei huet d'Objektiv, op d'mannst ee Vertrieder an d'Chamber ze kréien, respektiv eng Fraktioun ze stellen. An der Zäit wär dat schonn eng Kéier méiglech gewiescht. Den Nico Castiglia spillt op d'Astrid Lulling an d'SdP un, déi et tëscht 1971 an 1982 gouf.