Den Damp aus dem Elektrostolwierk vun ArcelorMittal um Belval ass effektiv ze vill belaascht, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Ufro vun déi Lénk, hat Ëmweltministesch Dieschbourg zouginn, dass den Damp aus dem Elektrostolwierk vun Arcelor Mittal op Esch Belval, effektiv ze vill héich belaascht wier, an dass een d'Stolwierk carrément misst zoumaachen, wa kuerzfristeg keng Grenzwäerter méi sollten iwwerschratt ginn. D'Santésministesch Lydia Mutsch hëlt da Positioun a gëtt, wat de Volet Gesondheet ugeet, Entwarnung.

Sollten et Problem ginn, mat den Emissioune vum Elektrostolwierk op Belval, géif d'Populatioun natierlech vun der Santé informéiert, sou d'Lydia Mutsch, déi op eis Nofro hin, op eng Question Parlementaire vun déi Lenk un Ëmweltministesch reagéiert huet. D'Thema ware wéi gesot d'Emissiounen, an d'Carole Dieschbourg hat zouginn, dass den Damp effektiv ze vill belaascht wier. D'Gesondheetsministesch fir hiren Tour, berouegt; d'Emwelt-, an d'Aarbechtsmedezin géingen regelméisseg moossen; déi iwwer 12 Gebaier déi an de leschte Jore kontrolléiert goufen, wieren negativ.
Och wat d'Geméis am Gaart ugeet wier et weiderhin esou, dass wann da Belaaschtungen do wieren, déi zum gréissten Deel um Geméis wieren, an net dran, déi schiedlech Substanze kéint een ofwäschen, d'Geméis wier dono vill manner, an esouguer kaum nach belaascht.

AUDIO: Reaktioun Mutsch Elektrostolwierk/Reportage Monique Kater

Den Damp aus dem Elektrostolwierk vun ArcelorMittal um Belval ass effektiv ze vill belaascht, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Dat geet aus der Äntwert vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vum Justin Turpel vun déi Lénk ervir.

Virun enger Zäit schonn haten de Mouvement écologique an d'Biergerinitiative "Stop Dioxin" wéinst den Emissiounen vum Elektrostolwierk Alarm geschloen. An effektiv goufen d'Grenzwäerter am Damp deen duerch de Kamäin geblosen ginn ass,  an der Vergaangenheet iwwerschratt, zum Deel systematesch.

Dat war beim organesche Kuelestoff de Fall, deen duerch net verbrannten Äerdgas entsteet. D'Grenzwäerter vum Kuelemonoxid a verschiddenen anere  Kuelewaasserstoffer si bei den 3 Miesscampagnen zejoert iwwerschratt ginn an et war eemol ze vill Schwiefeldioxid am Damp. De Grenzwäert vum Bläi dogéint ass am Kamäin agehal ginn. Nawell goufen ze héich Wäerter an Zaloten an de Gäert nieft der Anlag festgestallt, an dat zanter 2003. D'Wäerter ware besonnesch tëscht September 2013 an September 2014 ze héich, dat hunn d'Miessungen do erginn. Enn zejoert huet

De Problem ass d'Qualitéit vum Stolschrott, deen am Elektrostolwierk verbrannt gëtt an dat net ëmmer optimal.  Dee kann dem Ministère no awer nëmme laangfristeg geléist ginn.

ArcelorMittal gëtt wéi all Betriber, déi eng Genehmegung brauchen, bei all Grenzwäertiwwerschreidung schrëftlech opgefuerdert d'Limitten anzehalen, d'Ursaachen ze dokumentéieren an derfir ze suergen, datt dat an Zukunft net méi virkënnt. Et wieren och eng Rei Mesuren geholl ginn, sou de Ministère. Zum Beispill gouf eng nei Sonde am Kamäin vum Elektrostolwierk installéiert, fir de Sauerstoff ze moossen an d'Verbrennung z'optimiséieren.

Déi eenzeg Méiglechkeet, fir datt wierklech kuerzfristeg keng Grenzwäerter méi iwwerschratt ginn, wier d'Stolwierk zouzemaachen, schreift de Ministère. Well dat awer net geschitt géifen Ëmwelt- an Nohaltegkeetsministère mëttelfristeg d'Anlag genee suivéieren fir weider Verbesserungsmesuren auszeschaffen an ëmzesetzen. Duerfir gi regelméisseg Reunioun tëscht Ministère an ArcelorMittal organiséiert. Wéi eng Impakt déi nei Mesuren op d'Schuedstoffer hunn, kéint ee lo awer nach net soen. Dozou kéint den Ëmweltministère keng verbindlech Ausso maachen, heescht et an der schrëftlecher Äntwert.