Den Dossier louch laang Joren am Tirang, elo huet sech d'Regierung d'Reform vum Jugendschutzgesetz als eng vun hirer Prioritéiten op de Fändel geschriwwen.

Den Ament ass en Aarbechtsgrupp am Gaang, um Thema ze schaffen. Nieft Vertrieder vum Parquet, dem Office national de l'enfance an der Mënscherechtskommissioun ass och den Ombudskomité fir d'Rechter vum Kand doranner vertrueden. De President vum ORK fuerdert ënnert anerem méi kloer Message fir déi Jugendlech um Jugendgeriicht a méi Moyenen.

AUDIO: Jugendschutzgesetz / Reportage Claude Zeimetz

Wa mer d'Jugendschutzgesetz scho reforméieren, ass et fir de René Schlechter onbedéngt néideg,  sech déi néideg Moyenen fir d'Ëmsetzung ze ginn. Déi sozial Enquête mussen an engem méi kuerzen Delai méiglech ginn. Well en Uerteel um Geriicht, wat an d'Liewe vun engem Kand oder enger Famill agräift, ass esou gravéierent, datt et net en halleft Joer kann daueren, fir erauszefannen, wat et hei op sech huet.

Donieft géif et un den néidege Strukturen an Therapieplazen feelen. Dowéinst géife Kanner dacks an Institutiounen, respektiv souguer a Kliniken hänken, an deenen se u sech net richteg sinn. Dacks bleiwe se just do hänken, well et déi Plazen, déi si brauchen, net gëtt oder net genuch gëtt, kritiséiert de René Schlechter.

Lëtzebuerg huet kee Jugendstrofrecht. D'Protectioun vum Mannerjärege steet am Mëttelpunkt. Och e Jugendlechen, dee bestrooft gëtt, muss als alleréischt gehollef kréien. An deem Kontext vermësst den Ombudskomité fir d'Rechter vum Kand awer dacks e klore Message vum Jugendgeriicht, mat deem de Jonke responsabiliséiert géif ginn. Et misst et e méi klore Message ginn. Op der enger Säit brauch een e kloren Deel, wou et ëm Sanktioun, Reparatioun oder Mediatioun geet an op der anerer Säit en Deel fir ze Hëllefen, fir datt de Jonken a sengem Liewe weider ka kommen.

E radikale Paradigmewiessel erwaart de René Schlechter awer net.

Donieft sollte Placementer net méi automatesch bis 18 Joer gesprach ginn. Fir de Jonke wier et besser, d'Dauer an éischter Phas ze verkierzen an dann, zum Beispill no 12 Méint, e Bilan mam Kand an den Elteren ze maachen, fir ze kucken wéi et weidergeet. En aneren Diskussiounspunkt am Aarbechtsgrupp si Mannerjäreger am Prisong.

Wann et d'UNISEC bis gëtt, misst een aner Moyenen hunn, wéi d'Kanner oder déi Jonk an de Prisong ze setzen, seet de President vum ORK. Aktuell ass dëst awer vum Gesetz hier duerchaus erlaabt.

Den Aarbechtsgrupp war bis ewell zwee Mol zesummen an et gëtt intensiv weider geschafft. Et gëtt nach net op all Fro definitiv Äntwerten an d'Vertrieder um Terrain géifen zwar net ëmmer mat deene vun der Justiz op enger Linn leien, mä seet de René Schlechter, datt et elo séier soll goen. Et soll net nach eng Kéier 12 Joer daueren, bis eppes virläit, wat een an d'Chamber kéint bréngen.