En Donneschdegowend stoung d'Affär LuxLeaks am Mëttelpunkt vun enger Debatt, bei där de Whistleblower Antoine Deltour dem Public Ried an Äntwert stoung.
Bei der Konferenz en Donneschdegowend goung et him awer net drëms ze provozéieren, ma verschiddenes Kloer ze stellen an ze erklären. Et war déi éischte Kéier, dass en sech engem Public gestallt huet.
Den Antoine Deltour huet engem franséischen Journalist d'kopéiert Donnéeë wat d'Tax Rulings uginn vun sengem Ex-Patron weiderginn, ma war en sech net wierklech bewosst, datt en vun deem Moment un d'Kontroll iwwert d'Affär verléiere géing. Haut bedauert e wéi dat ganzt vun der Press benotzt gouf.
Verschidde Situatioune sinn dem Antoine Deltour einfach net méi acceptabel an entspriechen och einfach net méi den ethesche Virstellungen.
D'politesch Linnen musse sech deemno änneren, a fir datt dat méiglech ass, mussen d'Leit an der Gesellschaft weider informéiert ginn.
Am Dezember zejoert gouf hie vun der Lëtzebuerger Justiz ugeklot. Op seng Veruerteelung stinn theoretesch 5 Joer Prisong an eng maximal Geldstrof vun iwwert 1 Millioun Euro.