Den Interessi bei de Leit war net immens grouss. Just ronn 50 Leit hate sech op Colmar-Bierg deplacéiert, fir sech méi genee ze informéieren.

A gutt 6 Wochen ass de Referendum a wien nach net wierklech decidéiert ass, huet d'Geleeënheet sech d'Argumenter op enger Informatiounsversammlung unzelauschteren. D'Plattform „Migrations et Intégration“, déi sech fir dat Wahlrecht asetzt, de Cefis, an awer och den „Nee2015“ waren en Donneschdeg den Owend zu Colmar Bierg. All d'Leit aus den Nordstad-Gemenge waren invitéiert, den Interessi huet sech awer a Grenze gehale mat enge 50 Leit, déi komm waren.

AUDIO: Infoversammlung Auslännerwahlrecht - Reportage C. Lemmer

D'Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI, an de Fred Keup vum Nee hunn hir Argumenter derfir an dergéint virgedroen. De Fred Keup ass der Meenung, dass een zanter ville Jore ganz gutt mat villen Immigranten zesumme lieft, och ouni d'Auslännerwahlrecht. De Fred Keup ass aktiv ginn, well him de „Jo“ ze vill an de Medien dominéiert huet, obwuel eng Majoritéit vun de Leit géint d'Auslännerwahlrecht wier. Hien ass Proff, mat enger Italienerin bestuet, wéi hie selwer sot. A seng Initiative ass fir dat, wat bis ewell funktionéiert huet. Wann ee wéilt mat wiele goen, soll ee Lëtzebuerger ginn. D'Laura Zuccoli dogéint war der Meenung, dass et an enger Demokratie wichteg wier, dass een eng breet Bedeelegung bei de Leit huet. Et sollt ee weisen, dass ee multikulturell an tolerant ass.

AUDIO: De Fred Keup an d'Laura Zuccoli

Ënnert den Nolauschterer war och eng Fra, eng Auslännerin, mat elo och engem Lëtzebuerger Pass. Dat wär fir si dee richtege Wee, si ass géint d'Auslännerwahlrecht.

An der Diskussioun duerno hu sech am Public och béid Säiten ze Wuert gemellt. D'Géigner wëlle sech net an de rietsen Eck drécke loossen, Lëtzebuerg wär exzeptionell mat 46% Auslänner an déi duebel Nationalitéit wär net d'Léisung, kontert déi aner Säit.

© Carine Lemmer / RTL

VIDEO: Politesch Participatioun vun Auslänner zu Lëtzebuerg
Wëllen se wielen, wëllen se net wielen? Gëtt et een Ënnerscheed tëscht de Nationalitéiten a wat géing se motivéiere fir sech op Wahllëschten anzeschreiwen?