Souwuel beim Auslännerwahlrecht wéi beim Jugendwahlrecht ass eng Majoritéit dergéint, bei de Ministeschmandater ass d'Zoustëmmung ënner 50% gefall.

De Premier huet en Dënschdeg a senger Ried iwwert d'Lag vum Land nach eemol ganz kloer, fir 3 Mol Jo plaidéiert, wat de Referendum de 7. Juni betrëfft. Ob d'Populatioun dem Opruff vum Xavier Bettel nokënnt, sief allerdéngs dohi gestallt. Aus dem neiste Politmonitor, deen TNS Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gemaach huet, geet nämlech ervir, dass ënner Ëmstänn just de Contraire kéint antrieden: dräimol Neen!

AUDIO: Politmonitor: Referendum - Corinne Folscheid

A Chiffren ausgedréckt géif dat heeschen, dass beim Auslännerwahlrecht nach 40% dofir sinn an 53% dogéint. 7% sinn nach net decidéiert. Den Nee geet konstant an d'Lut. Loung Differenz am Ufank nach bei 4 Prozentpunkten, sinn et antëscht schonn 13 Prozentpunkten.

RTL

Dem Charles Margue vun TNS Ilres no huet sech bei de Referendumsfroen e grousse Gruef tëscht deenen zwou Positiounen opgemaach: Och beim Jugendwahlrecht, also der Méiglechkeet, vu 16 Joer ze wielen, huet den Nee mat elo 68 % nach 1 Prozentpunkt gewonnen. Interessant wier dann och de Constat, datt bei der drëtter Fro, also der Mandatsdauer fir d'Ministeren, d'Tendenz elo - méiglecherweis - ëmgepucht ginn ass,  mam Resultat, dass just nach 46% dofir sinn, dat sinn 8 Prozentpunkte manner wéi am leschte Politmonitor. 44% sinn an tëscht dogéint, dass d'Ministeschmandater solle limitéiert ginn. D'Tendenz huet deemno changéiert.

RTL

De Charles Margue resuméiert déi aktuell Situatioun esou: "Mir ware virun engem Mount nach am Film, datt d'Regierung zweemol Nee an eng Kéier Jo kréich an elo si mer an engem Film, datt et tendenziell dräimol Nee kann ausgoen. Dat ass déi Haapterkenntnis vun dësem Sondage."

Kuckt een dann déi eenzel Parteien, stellt ee fest, dass et zum Beispill op Säite vun den CSV-Wieler och Changementer ginn: "D'CSV-Wieler sinn och elo nëmme méi zu 26 Prozent fir de Jo, déi waren tendenziell méi héich. A mir gesinn, dass nach ëmmer d'DP wierklech e grousse Problem bei hiren eegene Wieler bis de Moment huet." An et misst ee gesinn, datt och déi, déi kloer fir de Jo sinn, also LSAP, Déi Gréng an Déi Lénk, hunn e gudden Drëttel vun hire Wieler net op hirer Säit."

RTL

Dem Charel Margue vun TNS Ilres no spléckt d'Fro vum Auslännerwahlrecht net nëmmen d'Land, mä och d'Parteien.

RTL

D'Leit goufen och gefrot, wéi definitiv hir Meenung ass. Beim Auslännerwahlrecht sinn et zum Beispill 90%, déi sech net méi wëllen ëmstëmme loossen. Bei der Fro vun de Ministeschmandater sinn et 86% a beim Wahlrecht fir déi Jonk vu 16 Joer u sinn et ëmmerhi 75%. Allgemeng sinn déi meescht Leit dem Referendum géintiwwer nach ëmmer positiv agestallt an 3/4 fannen et gutt, dass mer de 7. Juni ëm eis Meenung gefrot ginn.

E Freideg fänkt am Kontext Referendum déi offiziell Informatiounscampagne vun der Chamber un.
Et geet lass mat enger Table Ronde zu Mamer am Kinneksbond, wou Vertrieder vun de 6 Parteien, déi an der Chamber sëtzen, zu den 3 Referendumsfroen Positioun bezéien.
Bis de 7. Juni si 5 weider Owender: ënnert anerem de nächste  Méindeg zu Maacher an de Méindeg drop zu Dikrech.

Déi véiert Vague vum Sondage iwwert de Referendum, am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort, gouf tëscht dem 23. Abrëll an dem 3. Mee vun TNS Ilres duerchgefouert. Am Ganze goufen 1.143 Leit ëm hir Meenung gefrot, och wat d'Campagne betrëfft, déi am Kader vum Referendum gemaach gëtt. D'Resultater dovu presentéiere mer Iech um Donneschdeg den Owend vun 18 Auer un.