D' Initiativ Nee2015.lu, deen nee zum Auslännerwahlrecht seet, fuerdert d'Chamber op, fir datt si d'Informatiounsversammlunge méi equilibréiert mécht.

E Méindeg fänkt déi offiziell Informatiounscampagne fir de Referendum de 7. Juni un. E Freideg den Owend hat d'Chamber op eng éischt Informatiounsversammlung an de Kinneksbond op Mamer invitéiert.

An engem Communiqué fuerdert d'Initiative Nee zum Auslännerwahlrecht um Sonndeg, dass dës Informatiounsversammlungen misste méi equilibréiert sinn. Et hätt ee festgestallt, dass um Podium déi 6 Parteien aus der Chamber souzen an zu all Thema geschwat hätten. Doduerch wier allerdéngs een Desequiliber entstanen, véier Leit, déi aus de Regierungsparteien an déi Lénk, si fir de Jo an Zwee, CSV an ADR, fir den Nee.

Well awer net d'Parteien zur Wahl stinn, mä de Jo oder den Nee, fuerdert d'Initiative Nee2015.lu dass de Jo an den Nee déi selwecht Zäit musse kréien an net d'Parteien, well déi net zur Wahl stinn. Dowéinst proposéiert d'Initiative zwou Alternativen, an zwar dass entweder just een Deputéierten vun de Regierungsparteien um Podium sëtzt oder wann déi dräi, dass just ee vun hinnen fir de Jo schwätzt.