4 Ambulanzen waren op der Plaz, fir sech ëm d'Leit kënnen ze këmmeren, wéi et um Sonndeg Nomëtteg zu engem Karambolage tëscht Koplescht a Schëndels koum.

Massekarambolage am Nomëtteg. Tëscht Koplescht a Schëndels si ganzer 8 Persoune liicht verwonnt ginn, wéi zwee Autoen anenee gerannt sinn. Am ganzen ware 4 Autoen an den Tëschefall verwéckelt. Well esou vill Leit involvéiert waren, hu 4 Ambulanzen missten op d'Plaz geschéckt ginn, fir d'Persounen an den Autoen ze betreien an an d'Klinik ze bréngen.

RTL

© CISMA.lu

D'Strooss hat während de Rettungsaarbechte missten fir ronn eng Stonn gespaart ginn. Op der Plaz war den Asazzenter vu Mamer, d'Pompjeeë vu Koplescht an d'Ambulanze vu Lëntgen, Réiden an de Beruffspompjeeën.

RTL

© CISMA.lu