Jee nodeem wéi een d'Fro stellt, kann een an enger Ëmfro eng aner Äntwert kréien ...

An engem representativen TNS-Ilres-Sondage, deen d'Jugendkonferenz an Optrag ginn huet, wäre just nach 43% vun de Leit géint d'Wahlrecht vu 16 Joer un.

D'Jugendkonferenz engagéiert sech jo aktiv fir d’Wahlrecht vu 16 Joer un an huet am Kader vun der Referendumscampagne en eegene Sondage iwwert déi Fro an Optrag ginn.

700 Leit, dorënner 503 Wieler, si Enn Abrëll, Ugangs Mee gefrot ginn: An zwar, ob si engem Jonke vu 16 oder 17 Joer, dee sech prett fillt, refuséiere giffe wielen ze goen? 43% refuséieren dat, 50% wieren awer domadder d'Accord.

Et ass deemno méi e positiivt Resultat wéi am leschte Politmonitor vun RTL an dem Wort. Hei haten nëmmen 28% vun de Wieler op d'Referendumsfro vum Wahlrecht mat 16 Joer mat "Jo" geäntwert. 68% waren dergéint.

VIDEO: Wahlalter: Debat lancéieren
"Géif Dir Jonken tëscht 16 an 18 Joer di sech prett fillen d' Wahlrecht refuséieren?" Dat ass d' Fro déi d' Jugendkonferenz an engem Sondage gestallt huet.