An hirer Äntwert op eng dréngend parlamentaresch Fro ënnersträichen de Premier an den Ausseminister, dass si via d'Press dovunner gewuer gi sinn.

Den däitsche BND-Skandal kritt lues a lues Repercussiounen op Lëtzebuerg. An dat nodeems Enn leschter Woch jo an Éisterräich bekannt ginn ass, datt de BND, also den däitsche "Bundesnachrichtendienst", fir d'NSA, also déi amerikanesch "National Security Agency", iwwer de Knuetpunkt Frankfurt éisträichesch Internet-Verbindungen an eben och Lëtzebuergescher iwwerwaacht huet.

Däitsch Sécherheetskreeser weisen d'Reprochen awer schonn zréck, dat mellt d'dpa. Den Ufanks- an de Schlusspunkt vun enger Internetleitung giffen näischt aussoen. Dorausser ze schléissen, datt zum Beispill Lëtzebuerg viséiert war, wär falsch. De reellen Endpunkt kéint och an engem ganz anere Land leien, zum Beispill am Iran.

Den LSAP-Deputéierte Marc Angel huet eng parlamentaresch Fro gestallt, d'CSV schafft wuel un enger (am Laf vum Méindeg de Mëtteg ass déi dunn och gestallt ginn). Äntwerte gëtt et awer bis ewell nach net ...

AUDIO: BND-NSA-SREL? Reportage vum Nico Graf (18.5., 12h30)

Zu Berlin gouf et en Dënschdeg de Moien och eng gemeinsam Pressekonferenz vun den däitschen, éisträicheschen a Lëtzebuerger Gréngen, wéi de BND an d'NSA éisträichesch a Lëtzebuerger Transitleitungen ausspionéiert hunn.

De Christian Kmiotek, President vun de Lëtzebuerger Gréngen, war zu Berlin op der Pressekonferenz derbäi, zesumme mam Peter Pilz an dem Cem Özdemir, Chef vun den däitsche Gréngen.

Fir de Christian Kmiotek muss een dovunner ausgoen, datt bis elo just d'Spëtzt vum Äisbierg bekannt ass, an datt mat weidere Revelatiounen ze rechnen ass, ze mol well och Frankräich ganz uewen op der NSA Lëscht géif stoen. Fir de Co-President vun déi Gréng, kann och d'Argument net gëlle gelooss ginn, datt esou Spionage-Aktivitéiten der Lutte géint den Terrorismus gedéngt sollen hunn.

AUDIO: De Christian Kmiotek
AUDIO: NSA Spionage/Reportage Diane Klein

De Schreiwes vun deene Gréngen um Dënschdeg:

Neue Erkenntnisse darüber, wie BND und NSA österreichische und luxemburgische Transitleitungen ausspionieren

Zahlreiche Telekommunikationsleitungen zwischen Luxemburg und anderen europäischen Städten wurden ab 2005 vom deutschen Bundesnachrichtendienst (BND) für den US Geheimdienst NSA angezapft. Bei einer gemeinsamen Pressekonferenz mit Peter Pilz und Cem Özdemir, hat Parteipräsident Christian Kmiotek heute in Berlin u.a. folgendes erklärt:

„Der aktuelle Fall ist nur die Spitze des Eisbergs. Die Überwachung reicht weiter als bisher angenommen. Auf einer Wunschliste der NSA, die der österreichische Abgeordnete Peter Pilz heute präsentiert hat, tauchen nicht nur die vier bereits bekannten Leitungen auf, sondern insgesamt 11 Destinationen. Neben den bereits bekannten Verbindungen von Luxemburg nach Moskau, Prag, Ankara und Wien, sind auch die Leitungen nach Kopenhagen, Stockholm, Helsinki, Amsterdam, Zürich, Milan und Rom betroffen.

Spionage der NSA und des BND gegen Freunde und Partner ist absolut inakzeptabel. Dieser Fall muss restlos aufgeklärt werden und darf sich in Zukunft unter befreundeten Ländern nicht mehr wiederhohlen.

Dass es sich bei den überwachten Leitungen und den noch unbekannten „Selektoren“, bzw. Suchbegriffen vor allem um Terrorismusbekämpfung handelte, ist für uns absolut unglaubwürdig. Im Hinblick auf die verschiedenen Destinationen scheint uns auch wirtschaftliche und politische Spionage recht plausibel.“

Der Noriichtenagence DPA no hunn däitsch Sécherheetskreesser d'Reprochen zeréck gewisen, dat den däitschen BND, am Optrag vum amerikaneschen Geheimdéngscht NSA Lëtzebuerger Internetkonnexiounen ausspionéiert huet.Den Ufank- a Schlusspunkt vun enger Internetleitung géifen näischt aussoen, ween ugezaapt gouf. Dorausser ze schléissen, datt Lëtzebuerg viséiert war, wär falsch.

An hirer Äntwert op eng dréngend parlamentaresch Fro ënnersträichen de Premier an den Ausseminister, dass si via d'Press dovunner gewuer gi sinn. D'Regierung hätt och keng Informatioun iwwert eventuell Lëtzebuerger Ciblen.

Et huet een an Däitschland wéi och an den USA Explikatioune gefrot.

De Jean Asselborn huet och scho mat sengem däitsche Kolleg Steinmeier geschwat an eng komplett Transparenz gefrot.

D'Regierung huet den Dossier och un de Parquet weider ginn.

Hei de Schreiwes vun der Regierung
Communiqué (18.05.2015)

Réponse de monsieur le Premier ministre, ministre d’État et de monsieur le ministre des Affaires étrangères et européennes à la question parlementaire urgente du 17 mai 2015 de monsieur le député Marc Angel.

 En réponse à la question urgente de monsieur le député Marc Angel, le Premier ministre et le ministre des Affaires étrangères et européennes sont en mesure de confirmer que le Gouvernement a pris connaissance par voie de presse des informations selon lesquelles le BND et/ou la NSA auraient collecté en 2005 des données provenant, respectivement à destination du Luxembourg au nœud internet de Francfort. Actuellement, le Gouvernement ne dispose pas d’informations sur les cibles luxembourgeoises éventuelles de cette collecte. Comme les faits suspectés se sont produits en territoire allemand, les instances nationales compétentes sont entrées, à la demande du Gouvernement, en contact avec leurs homologues allemands et américains pour demander des explications concernant ces révélations.

Le ministre des Affaires étrangères et européennes s’est entretenu à sa demande ce matin à Bruxelles avec son homologue allemand Frank-Walter Steinmeier. A cette occasion, le ministre a insisté sur la nécessité d’une coopération et d’une transparence intégrales dans cette affaire. Le ministre allemand, pour sa part, s’est dit disposé à tout faire pour contribuer à éclaircir cette affaire de surveillance du transfert de données électroniques. Le Gouvernement a également chargé notre ambassadeur à Washington de solliciter des explications concernant ces faits au Département d’Etat.

Le Gouvernement a décidé par ailleurs de dénoncer ces faits susceptibles de présenter une infraction au parquet.

 Den David Wagner vun Déi Lénk sot RTL um Méindeg de Mueren: "D'Lëtzebuerger Regierung misst fir d'éischt ganz schnell Erklärunge froe bei Däitschland a bei den USA an deementspriechend och hefteg reagéieren, well et schéngt jo ganz kloer ze sinn, datt dat geschitt ass." Dorunner bestéing keen Zweiwel an et wier och net déi éischte Kéier, datt et geschitt, et wier just déi éischte Kéier, datt mir et - fir Lëtzebuerg - erauskritt hätten. Zitat: "Et ass ganz grave, wat am Gaangen ass ze geschéien, eis amerikanesch Frënn - ech weess net, ob ech Guillemete muss setzen oder net - sinn am Gaangen, sech Saachen hei an Europa ze erlaben, déi Frënn sech net dierften erlaben."

De Sven Clement vun de Piraten huet am Interview emol zeéischt explizéiert, wat e Knuetpunkt dann eigentlech ass: "Deen ass zu Lëtzebuerg, dat heescht, all lëtzebuergesch Internetverbindung gëtt als éischt op 2 Punkten zu Lëtzebuerg zentraliséiert a vun do ginn et ganz schnell Leitungen, déi op Frankfurt ginn, déi op London ginn, déi op Paräis ginn, déi op Bréissel ginn, an do leeft alles, wat a Richtung vun deene Kunetebpunkte geet, driwwer. Vu Frankfurt aus ginn et da rëm Connexiounen op aner Knuetepunkten. Dat heescht: Hei huet sech den NSA zesumme mam BND an d'Mëtt vun eise Connexioune gesat. Dat heescht, si hunn net um Ufank vun enger Connexioun ofgelauschtert, also net bei eis doheem, si hunn och net um Enn vun enger Connexioun ofgelauschtert, also net um Server, ma si hunn um Iwwerdroungswee dat Ganzt ofgelauschtert. Et ass e bëssen esou, wéi wann de Bréifdréier géif all Bréif opmaachen."

Par ailleurs huet de Sven Clement awer däitlech Fuerderungen a Froe mat enger präziser Stoussrichtung: "Et muss ee sech och d'Fro stellen, ob de Srel vläit net och involvéiert war an ähnlech Aktioune vläit op der Leitung Lëtzebuerg-Bréissel oder Lëtzebuerg-Paräis, do muss ee sech natierlech d'Fro stellen, wat wousst d'Regierung, wéini wousst d'Regierung eppes, ween ass informéiert ginn, ass de parlamenatresche Kontrollausschuss informéiert gewiescht, deementspriechend fuerdere mir d'Asetze vun enger Kontrollkommissioun, vun engem Ausschoss, deen iwwerpréiwe soll, wat wéini wou gewosst war."

D'Fakte ginn, esouwäit bekannt, bis an d'Joer 2005 zeréck; dat heescht déi üblech Verdächteg aus de bekannte SREL-Skandaler kréien nach e sëlleche Froe méi gestallt.