Un der Spëtzt vun dësem Clibbche steet den Äerzbëschof Strozzapreti mat Leit déi sech Penne Zita, Strangozzi, Carbonara oder nach Fettucine nennen.

Knapp sinn d'Konventiounen tëscht dem Staat an de Reliounsgemeinschaften ënnerdaach an d'Fro vun der Trennung vu Kierch a Staat aus dem Referendum geholl, a scho mellt sech eng nei Glawensgemeinschaft zu Wuert a wëll Geld aus dem Staatsbeidel. Ëmmerhin 7,5 Milliounen Euro d'Joer.

Et handelt sech ëm d'Eglise pastafarienne zu Lëtzebuerg. Op Lëtzebuergesch nenne se sech "Kierch vum fléiende Spaghettimonster".

Un der Spëtzt vun dësem Clibbchen steet den Äerzbëschof Strozzapreti mat Leit déi sech Penne Zita, Strangozzi, Carbonara oder nach Fettucine nennen.
Mä eent nom aneren.

RTL

Elo stell Dir Iech bestëmmt d'Fro: wat soll dat?

Dës Leit hu folgende monothéistesche Glawen.
Also AHA oppassen.
D'Äerd ass vum fléiende Spaghettimonster geschafe ginn, wéi dat Wiesen eng enorm am Biz hat. Deen Zoustand géif erkläre firwat d'Äerd net perfekt ass. Deem Monster säin „ nuddelegen Appendice“ soll eis all beréieren, heescht et am Bréif un de Kultusminister Xavier Bettel.

RTL

Via Facebook krut dës Gemeinschaft 1.213 Memberen a wéi et schéint méi „Likes“ wéi d'kathoulesch Kierch. Dowéinst gesäit ee sech och als gréisste Relioun am Land an deemno berechtegt och vun enger Konventioun mam Staat ze profitéieren. Wéi gesot 7,5 Milliounen Euro d'Joer. Ah jo: net ze vergiessen, et wëll een och eng Plaz am Wäerteunterrecht.

Et gëtt sech op de weltwäite Konsum vun zeremonielle Nuddele baséiert. Dat hätt 2011 zum Beispill d'Zomm vun iwwer 23 Milliarden Euro erginn. Nuddelen déi d'Supporter vun der Relioune vum fléiende Spaghettimonster doheem an der Clandestinitéit musse konsomméieren, oder fir deiert Geld a Restauranten.

Als Gréiss schécken dës Leit dem Xavier Bettel, ech zitéieren : l'expression de notre considération pastafrienne parfaitement cuite. Ramen et que la Pâte soit avec vous!“

Sou: Elo denkt muenchereen, wann ech Xavier Bettel wier hätt ech mer eng Boss gelaacht, eventuell Loscht op eng Spaghetti kritt an de Bréif ewech gehait.

Mä nee, de Kultusminister huet eng schrëftlech Äntwert ginn. Op ganzer 3 Säiten explizéiert hien am Genre vun enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro dass d'Demande verworf gëtt.

Am Eescht, oder war et vläicht Béiereescht?

VIDEO: Live! Planet People
E satiresche Live! mam Vicaire Strangozzi (Jean-Marc Cloos) iwwert d'Flying Spaghetti Monster an de Ronny Kwiatkowski iwwert de Youtube-Projet "Eemol de Mount".