D'Argument vun de bis elo ronn 25 Signatairen ass, datt d'Lëtzebuerger Vollek iwwer kuerz oder laang seng Identitéit géif verléieren.

A 4 Deeg geet d'Land wielen. E Mëttwoch de Moien hate sech jo eng Partie Acteuren aus der Zivilgesellschaft mat enger Annonce vun enger ganzer Säit an der geschriwwener Press un d'Land geriicht, mam Appel vun engem  "Jo" fir d'Auslännerwahlrecht.

Eng ganz aner Klack ass et vun deene 25 Leit, déi sech zesummegedoen hu fir den "Neen", an zwar wat d'Fro vum Auslännerwahlrecht ugeet.

An engem Opruff un d'Lëtzebuerger heescht et, mat engem majoritäre "Jo" géing et onsem Land un d'Substanz goen. Den Ament wieren zwar d'Konditiounen, fir d'Wahlrecht ze kréien, restriktiv, ma et kéint ee sech net dorobber verloossen. Wann déi Konditiounen nämlech géingen an e Gesetz ageschriwwe ginn, aplaz an d'Verfassung, da kéinten se ganz séier gekippt ginn.

Am Communiqué geet rieds vun engem trojanesche Päerd, deem een héiflech, mä awer bestëmmt, sollt de Wee refuséieren.

Ënnerschriwwen ass dësen Opruff ënnert anerem vun der pensionéierter Riichterin Marguerite Biermann a vum Philosoph Paul Kremer.

COMMUNIQUÉ

Opruff un d’Lëtzebuerger

Mir, déi Fraen a Männer, déi dësen Opruff ënnerschreiwen, wëllen heimat ons déif Suerg ëm d’Entwécklong vun onsem Land am Zesummenhank mat der 2. Fro vum Referendum ausdrécken an ons Matbierger a –biergerinnen invitéieren, sech emol genee unzekucken, wat hei eegentlech um Spill steet.  Ons geet et net drëm, Angscht ze verbreeden, mä de Wieleren d’Aen opzeman, fir datt se en informéierte Choix kënne maachen.

Mir invitéieren Iech, léif Matbierger a –biergerinnen, Är Ae grouss opzeman an extrem wuechsam ze sinn, ier Der Iech entscheet an Äert Kräiz um Wielziedel maacht. Mat engem majoritäre JO géif et onsem Vollek nämlech un d’Substanz goen ! Dofir iwwerleet gutt an denkt dobäi un d’Konsequenze fir Är Kanner a Kandskanner an nach wäit doriwwer eraus. Wann d’legislativt Wielrecht fir Net-Lëtzebuerger nämlech opgemaach géif ginn, da wier et ganz einfach eriwwer mat der Souveränitéit – an deemno mat der Identitéit – vun enger Lëtzebuerger Natioun.  Als Lëtzebuerger si mer am Moment nach an dësem Land souverän – awer och just an dësem ! Wa mer déi Souveränitéit géifen opginn, da wiere mer et op ee Schlag néierens méi – d’Lëtzebuerger Vollek géif an deem Fall ganz einfach säin eegent a säin eenzegt Land verléieren !

‘t ass also falsch a féiert ier, wa behaapt gëtt, et géif ons näischt kaschten. Richteg wier, ze soen, datt mer en enorm héige Präis géife bezuelen, an datt mir Lëtzebuerger – an nëmme mir – en onzoumutbare Risque dobäi géifen agoen.

Mir kënnen ons och net op déi fir de Moment nach restriktiv Conditioune verloossen. Wann dës nämlech, ewéi virgesinn (cf. http://www.referendum.lu/uploads/Nouvelle_Constitution/doc/1_1_Prop_nouvelle_Constitution_20150515.pdf), aplaz an d’Constitutioun, nëmmen an e Gesetz géifen ageschriwwe ginn, da kéinten se ganz séier gekippt an d’aktivt Wielrecht op dat passivt ausgedehnt ginn. Vu datt déi mëndlech Garantien, zu deenen sech eenzel Politiker hiräisse loossen, keen engagéieren – schliisslech huet kee vun hinnen  et  eleng an der Hand - si se de facto näischt wäert ! Et kéint deemno net ausgeschloss ginn, datt eng Kéier en anere Staat oder multinational Konzerner de souveräne Grand-Duché fir hir Zwecker géifen instrumentaliséieren andeem se ons Gesetzer iwwer Stréimänner géifen hire Virstellonge/Besoinen upassen. Onnëtz ze soen, datt, op d’mannst am leschte Fall, de Sozialsstaat, de Schutz vun onsem Patrimoine (grad ewéi de Konsumenten-, Ëmwelt- an Naturschutz) ausgelieft hätten.

Bedenkt och, datt esou e Schrëtt ni méi réckgängeg ze maache wier, well wa bis déi éischt fatal Follgen dovunner manifest wieren, wiere mir Lëtzebuerger Wieleren an der Minoritéit.  Sollt sech de JO duerchsetzen, da géif, vun elektoraler Echeance zu elektoraler Echeance, ënnert de Wieleren an an der Chamber all Kéier d’Zuel vun deene méi kleng ginn, déi sech fir ons Sprooch staark maachen an ons Identitéit, mat allem wat drun hänkt, a Schutz huelen.  Mir, a besonnesch ons Kanner a Kandskanner an all déi Generatiounen duerno, géifen domat ganz einfach d’Kontroll iwwert d’Geschécker vun onsem eegene Land verléieren, an zwar definitiv.

Et ass ons net entgaang, datt neierdéngs rieds vun engem « Awunnerwielrecht » geet. Wann dat ierscht gemengt wier an de JO sech duerchsetze géif, da kéinten ca 30 000 Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, vun den nächste Wahlen un, néierens méi wielen ! Well kaum en anert Land, scho guer net an Europa, denkt am Moment drun, en Awunnerwielrecht anzeféieren.

Léif Matbierger a –biergerinnen : kommt, mir loossen ons keen X fir en U virman ! Esou e graven a risquéierten Akt ewéi d’Ewechgi vun onser Souveränitéit muss gutt iwwerluecht sinn an däerf ons op kee Fall einfach vun der Sympathie fir auslännesch Nopere, Kollegen a Frënn inspiréiert ginn, grad esou wéineg ewéi vun enger falsch verstanener Solidaritéit mat Mënschen, déi jo och en eegent Land hunn, an deem déi meescht ëmmer nach souverän sinn.

An der Welt gëtt et eng grouss Zuel vun indigene Volleker, déi frou wieren, wann si eppes ewéi eng Souveränitéit hätten – an da sollte mir higoen an déi eege Souveränitéit ofginn ?

Kommt, mir verspären, héiflech awer bestëmmt, dësem trojanesche Päerd de Wee a refuséieren, ons op en Experiment anzeloossen, bei deem d’Lëtzebuerger Vollek mat absoluter Sécherheet iwwer kuerz oder laang de Präis misst bezuelen a seng Identitéit géif verléieren.

Lëtzebuerg, de  27 Mee 2015

(hei hannendrun d’Nimm vun de 25 éischte Signatären)

Marguerite Biermann Ana Da Costa Rodriguez

George Dessouroux

Mario Dichter

Selina Donaldson

Jerry Grün

Sonia Holzwarth

Jean-Claude Kaell

Danielle Kaell-Lallemang

Paul Kremer

Nina Mancini

Norbert Muller

Jean-Paul Nowacka

Christine Raoult

Alain Schroeder

Rita Schroeder

Kaspar Schummer

Ed Sinner

Fred Stoffels

Marie-Thérèse Tholl

Joé Trossen

Antoinette Welter

Colette Welter

Miranda Welter

Hitta Van Wersch

Olivia Yenui