D'Partei, déi sech selwer riets vun der Mëtt situéiert, gouf Enn Abrëll zu Dikrech gegrënnt an zielt eegenen Aussoen no scho méi wéi 240 Memberen.

Déi Responsabel heesche Castiglia a Sabbatini, d'Pressekonferenz ass an engem bekannten italienesche Café zu Diddeleng: Rietsextrem klengt anescht. An awer huet déi nei "Sozial Demokratesch Vollekspartei" knapps ee Mount no der Grënnung mat engem dubiéise Ruff ze kämpfen.

Déi Responsabel betounen awer, datt een net aus dem riets-extremen Eck kënnt, datt een d'Lëtzebuerger wéi d'Auslänner respektéiert, an datt ee sech vun all Form vun Rassismus an Extremismus distanzéiert.

De Grënner a President Nico Castiglia: Mir situéieren eis ganz kloer Mëtt-Riets géif ech soen, an mat vläicht e bësse méi riets wéi Mëtt.

Et wéilt een sou volleksno, wéi méiglech sinn. D'Zukunft awer wier net roseg. D'Immigratioun wier ee Problem, d'finanziell Lag katastrophal, d'Cooperatiounsdepensen net variabel genuch an den RMG einfach ongerecht. Dat hätt awer alles näischt mat Rassismus ze dinn, seet den Partei-Chef, mee mat gesondem Mënscheverstand.

Nico Castiglia: Mir si mat Sécherheet net op engem rietsextreme Bord. Mir hu Kontakter zu verschidde Parteien, dorënner fält och eben en FN a Frankräich, mä do falen och aner franséisch Parteien, aner däitsch Parteien drënner. Et muss ee kucke wat déi Leit vereenzelt denken, well verschidde Saache bei deenen enge richteg sinn, bei deenen anere falsch, bei deenen anere méi richteg sinn, bei deenen anere manner richteg sinn.

Et wier ee keen zweete Front National. Den héijen Auslänner-Undeel awer wier ee Problem fir d'Land, well d'Situatioun ze laang vernoléissegt gouf.

Nico Castiglia: Mir hunn eng Chance, dass elo Generatiounen hei zu Lëtzebuerg sinn, nei Generatiounen déi och Lëtzebuergesch schwätzen, hei an d'Schoul gaange sinn, hei grouss gi sinn. An elo musse mer déi Chance huelen, fir ze kucken, dass déi hir duebel Nationalitéit huelen, fir dass déi sech mam Lëtzebuerger vermëschen, de Lëtzebuerger mat hinnen..., dass mer do iergend eng Kéier op eppes Liewenswäertes eraus kommen.

D'SDV huet op alle Fall scho su Munches ze kritiséieren: D'CSV hätt ze laang alleng gewierkelt, d'LSAP huet den S net verdéngt, d'Politiker halen d'Leit fir domm an d'EU - déi wier wéi d'Fifa. An och de Referendum kritt es of.

Nico Castiglia: Ech mengen do kann een net ganz vill fein Wierder fannen. Wann ee gesäit, wat de Referendum ass, a wéi en opgestallt ass... wann ech hei kucke mat hirem "fakultativ", zumools an hiren zwou éischte Froen ass alles fakultativ. Ech froe mech op dee Referendum, ass dat einfach eng Loftblos, wat ass dat?

Wat elo d'Wahlen ugeet, gëtt sech d'SDV realistesch: d'Gemengewahlen wieren eng Utopie, fir d'Chamberwahlen awer wéilt een eng zolitt Equipe op d'Been stellen.

AUDIO: SDV / Reportage vum Eric Hamus