Däitsche Finanzexpert iwwer Feeler an eisem Finanzsystem

E Freideg den Owend um 19.30 Auer hält de Steffen Henke e Virtrag an der Beckericher Millen - am Kader vum drëtte Welt-Dag.
E Finanzsystem, deen net forcéiert ze wuessen an an deem d'Suen de Mënschen eppes notzen amplaz se ze versklaven. Dat ass kuerz resuméiert d'Idee vum däitsche Finanzexpert Steffen Henke, dee sech mat senger Associatioun "Neues Geld" engagéiert, fir ze weisen, wéi eise Finanzsystem funktionéiert, wat d'Feeler a wat d'Alternative sinn.
Ee vun de Feeler, déi de Steffen Henke a senger Analyse identifizéiert, sinn d'Zënsen. Am Prinzip, seet hien, ass et jo ëmmer schéin, wann een Zënsen op seng Sue kritt ... allerdéngs sollt een net vergiessen, datt och all Mënsch Scholdzënse muss bezuelen: Wann een akafe geet, bezillt een déi vun der Industrie, wann ee Steiere bezilt, bezilt een déi vum Staat ... A wann een déi Scholdzënse mat deenen Zënse géif vergläichen, déi een op senge Sue kritt, dann hätten Etudë gewisen, datt an engem Land 90 % vun de Leit méi Zënse bezuelen, wéi se der kréien. Dat wier "ein großer Umverteilungsmechanismus".
Fir ze verhënneren, datt Suen dorëmmer gebunkert ginn, amplaz datt se am Ëmlaf sinn, proposéiert de Steffen Henke keng Zënsen, mä Fraisen op bore Suen. A fir där "Gebühr" ze entkommen, ginn et 2 Weeër: entweder d'Suen ausginn oder se uleeën. Ma wann een dann 10.000 Euro uleet, bleiwen doraus 10.000 Euro an et ginn der net méi.
Den däitsche Finanzexpert proposéiert also eng Zort Negativzëns anzeféieren. Dat ass allerdéngs e Wuert, dat hie wéinst dem Wuert "negativ" net immens gär gebraucht: Reng mathematesch géingen awer 90% vun de Leit vun engem negativen Zëns profitéieren an den "Wachstumszwang" géing ewechfalen.
De Steffen Henke ass e Freideg zu Lëtzebuerg fir seng Analysen am Detail ze presentéieren. De Mëtteg gëtt en eng Konferenz an der Maison de l'europe an der Stad an den Owend ass e vun hallwer 8 un an der Beckericher Millen am Kader vum 3. Welt-Dag.