
© René Pfeiffer / RTL
D'DP ass net liberal genuch, an dofir wëllen "Déi Liberal", déi sech als Asbl zesummesetze wëllen, der DP als Beroder zur Säit stoen.
Dat hunn um Freideg d’Membere vun der neier Asbl erkläert. Géif d’DP awer ëmmer manner déi liberal Linn ëmsetzen, da kéint et och sinn, datt "Déi Liberal" sech als Partei wëllen etabléieren.
Si sinn awer den Ament keng nei politesch Partei. Et ass vill méi eng Vereenegung vu Liberalen, déi sech am ablackleche Spektrum vun der Politik hei zu Lëtzebuerg net méi richteg erëmfannen, esou ee vun den Responsabelen a Member vun der DP, den Claude A. Hemmer. Si hu sech virgeholl Prinzipien, Konzepter an Iddien als Alternativ zur Politik, wéi se de Moment gemaach gëtt ze entwéckelen. Mee dat ass awer sécher kee Partei- oder Wahlprogramm. Op d'mannst net vun haut op Muer. Si gesinn sech éischter als liberale Liichttuerm fir Decideuren.
D'Basis vun deene Liberale läit am Prinzip vum Eegentum. Net just am Sënn vum Geld oder Privatverméigen, mee doranner datt ee seet: Ech gehéiere mir selwer a net dem Staat.