Déi zweet Oplo vun der "offizieller Zeremonie" fir Nationalfeierdag, déi Kéier an der Philharmonie, war op en Neits eng wierdeg Feier. Impressiounen.

No de Feieren um Virowend stoungen um Dënschdeg déi offiziell Festivitéite fir den Nationalfeierdag um Programm. An d'Wieder hat sech liicht gebessert ...

VIDEO: Nationalfeierdag: Offiziell Zeremonie an der Philharmonie
De ganze Video vum Haaptakt um Dënschdeg de Moien.

Nodeems déi éischt Oplo vun der neier "offizieller Zeremonie" fir den 23. Juni d'lescht Joer am "Groussen Theater" war, stoung déi Kéier d'Philharmonie am Mëttelpunkt: Um Parvis e laange rouden Tapis, vill Limousinen, vill schick Leit a vill Kameraen - alles war prett fir eng wierdeg Feier an d'Wieder huet och souguer matgespillt.

Wéi déi offiziell Zeremonie um 10 Auer ugefaangen huet, ware just ganz vereenzelt Plazen an der Philharmonie eidel: 1.150 Gäscht, dorënner 168 Privatleit, waren invitéiert. Empfaange goufe si vu ville Blummen - rout, bon, éischter rosa, wäiss a blo. Op 2 groussen Ecrane konnt ee bannen am Auditoire suivéieren, wien dobausse grad am Gaange war unzekommen.

AUDIO: Philharmonie: Stëmme vun de Leit a Gäscht

An do war alles op d'Minutt getimed: ukommen, erausklammen, iwwer den Tapis trëppelen, sech virum Fändel verneigen an da vum Chamberpresident, vum Premier a vun der Buergermeeschtesch empfaange ginn.

Zwee Momenter hu fir e Schmunze gesuergt: Wéi d'Loft sech ënner eng Jupe veriert hat a wéi e Blummekand e bëssen ze häerzeg ëmäermelt gouf ...

D'groussherzoglech Famill koum an dëser Reiefolleg un:

- S.A.R. le prince Sébastien, S.A.R. la princesse Alexandra, S.A.R. la princesse Tessy
- S.A.R. le prince Félix, S.A.R. la princesse Claire
- LL.AA.RR. le Grand-Duc héritier et la Grande-Duchesse héritière
- LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse

VIDEO: Den Nationalfeierdag 2015 am Resumé: Best-of
RTL Spezial ass déi Emissioun, an där wichteg Evenementer couvréiert ginn.

3 Riede mat Gefill, mat Engagement, mat Gravitéit

Am grousse Sall war virum Orchester e Podest mat bloem Buedem opgeriicht ginn - dorop zwee Lëtzebuerger an een Europa-Fändel an e Riednerpult.

Geschwat hunn de Premier, de Chamberpresident an de Grand-Duc. 3 Rieden, 3 Genren.

Als éischt huet de Premier Xavier Bettel geschwat: "Groussherzoginsgebuertsdag ass en Dag, deen d'Leit zesummebréngt", huet de Premier seng Ried, déi hie ganz emotional virbruecht huet, ugefaangen. "Iwwerall uechter d'Land sinn Zeremonien an Evenementer am Kader vun eisem Nationalfeierdag, iwwerall si Jonker a manner Jonker, Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger beienee fir deen Dag ze feieren, wou mer eis op d'Grondwäerter vun eisem Land besënnen."

AUDIO: De Xavier Bettel

De Xavier Bettel ass op d'Erausfuerderunge vun der Presidence agaangen - dozou gehéiert jo d'Schicksal vun de Flüchtlingen - an huet sech fir weider Ustrengunge bei der Integratioun ausgeschwat - viru 70 Joer wier et eis och net gutt gaangen a mir wiere frou gewiescht, datt mer gehollef kritt hätten.

Den 23. Juni wier awer och eng gutt Geleeënheet, verschiddene Leit ganz besonnesch Merci ze soen: "Mir éieren haut e puer eenzel Persounen, déi perséinlech Meritten hunn. Mir éieren domadder awer och déi vill aner Matbierger, déi haut net hei op der Bühn stinn. Mënschen déi fir Mënschen do sinn, sinn de Mastik, deen eis Gesellschaft zesummenhält."

Och de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo huet eng engagéiert Ried gehalen. Ass op seng italienesch Originnen agaangen ("Mäin Numm kléngt net typesch Lëtzebuergesch – oder an der Tëschenzäit vläicht dach?") an huet drun appeléiert, d'Lëtzebuerger Sprooch als Bréck ze gesinn. Mä et dierft een awer och net déi Sprooche vergiessen, déi eis mat dobausse verbannen:

AUDIO: De Mars Di Bartolomeo

De Chamberpresident huet awer och konkret de Referendum ugeschwat: "Déi ëffentlech Diskussioun iwwert eis nei Verfassung gëtt eis d’Geleeënheet, fir eis mat deem, fir wat Lëtzebuerg steet a wéi mär wëllen zesummeliewen, ausenanerzesetzen, well déi Diskussioun ass net ofgeschloss! Den éischte Referendum vum 7. Juni war een Deel vun där Ausenanersetzung mat eis selwer. Dat Ugebuet, fir mat ze diskutéieren a mat ze décidéieren, ass ugeholl ginn an dofir warnen ech viru falsche Conclusiounen. De 7. Juni hu mär eis net zougemaach vis-à-vis vum Ausland, mär hunn eis net géint méi Participatioun vun engem groussen Deel vun eiser Communautéit ausgeschwat. Mat sengem Verdikt huet de Wieler eis vill méi gesot, wat fir ee Wee hie privilegéiert, an eis an deem Sënn en Optrag ginn."

De Mars di Bartolomeo huet och eng Bréck gebaut vum Charlie-Hebdo-Drama bei d'Flüchtlingsdramen am Mëttelmier: "An dofir, wa mär 'Je suis Charlie' eescht gemengt hunn, da kommt, mär sinn och all 'Réfugié', dat ëmsou méi, well mer bei der Invasioun um Ufank vum Krich dat och selwer waren."

Ofgeschloss huet de Chamberpresident seng Ried mat dësem Raisonnement, mat dësem Appell, mat dëser Definitioun: "Wann een sech d’Méi gëtt, heiheem dat ze sichen, wat eis verbënnt, wonnert een sech, wéi vill ee fanne kann a wéi onwichteg dat ass, wat eis trennt. An egal ob mär Schmit, Di Bartolomeo, Pereira oder Kolakovic heeschen, egal wat fir eng Hoer - oder Hautfaarf mär hunn, mär all sinn e staarkt Stéck Lëtzebuerg!"

Dono war et dee feierlechsten Ament: 7 Leit goufen ausgezeechent fir hir Verdéngschter, dorënner eng Polizistin posthum.

3 Leit si fir hiren Asaz, deels benevol, bei der Protection civile, fir krank Leit oder fir MSF geéiert ginn: de Raymond Braconnier vu Suessem, d'Tilly Pax-Schadeck vun Ettelbréck an d'Yasmine Ley vun Diddeleng a Köln. Donieft sinn de Visionär an Aueremënsch Jean-Claude Biwer geéiert ginn, grad wéi den Naturwëssenschaftler an Nobelpräis-Gewënner Jules Hoffmann an de fréiere Recteur vun der Uni Lëtzebuerg, de Rolf Tarrach. (E klenge Portrait vun deene Perséinlechkeete fannt dir hei drënner.)

Erënnert gouf awer och un den trageschen Doud vun der Polizistin Yasmine Grisius, déi hiert Liewe bei enger banaler Policekontroll gelooss huet, wéi si ugestouss gi war. Fir si ze éieren, ass dee ganze Sall opgestanen. De Premier huet eng Gedenkminutt ageluet, dobäi hat seng Stëmm bal versot. Hire Mann an eent vun hiren zwee Meedercher hunn d'Auszeechnung ugeholl.

Et war deen ergäifendste Moment vun enger iwweraus wierdeger Zeremonie - vill Leit, an och de Premier, deen d'Ried gehalen huet, waren déif beréiert a matgeholl a muncher een hat eng Tréin am A ...

Iwwerleeungen iwwer d'Identitéit

De Grand-Duc Henri huet, wéi et sech fir e Staatsmann gehéiert, eng ganz staatsmännesch Ried gehalen. Seng Timeline huet virun 200 Joer ugefaangen - beim Wiener Kongress:

Et si bal op den Dag genau 200 Joer hier, datt eise Staat als Grand-Duché um Pabeier geschafe gouf, no laange Verhandlungen um Wiener Kongress. Vun do u bis haut, ass Lëtzebuerg säi Wee gaangen, deen eis Eegenaart speziell geprägt huet. Eis Devise "mir wëlle bleiwen, wat mer sinn" ass alleguerte bekannt, mee de Kontext an deem se formuléiert gouf, vläicht manner. Fir d’Saachen an hirem vollen Ëmfang ze verstoen, ass et der Wäert fir een Ablack hei stoen ze bleiwen.

Duerch den historesche Kontext huet de Grand-Duc gewisen, datt dës Devis keen Ausdrock ass vun "A-sech-zeréckzéien", mä "vill méi d’Versprieche vun enger kollektiver Zukunft. Hien huet vun engem "evolutive Prozess" geschwat, bis eng Identitéit do war:

Annerhalleft Joerhonnert duerno kënne mer, mengen ech, mat engem gewëssene Stolz feststellen, wat sech aus deem Versprieche erginn huet. Aus engem evolutive Prozess, deen ni opgehalen huet, huet sech déi Lëtzebuerger Identitéit erginn. Eng Identitéit, déi mécht datt mir haut "mir“ soen kënnen, datt mer och anescht sinn wéi déi aner, och wa mir op déi aner ugewise sinn. "Mir si bliwwe wat mer sinn" an deem mer mat der Zäit gaange sinn, an an deem mir d’Réckschléi vun eiser Geschicht solidaresch iwwerwonnen hunn.

AUDIO: De Grand-Duc

De Grand-Duc huet och probéiert, de Leit d'Angscht ze huelen, déi Lëtzebuerger Identitéit kéint an enger globaliséierter Welt oder an engem Europa verschwannen - Europa wier vital fir eis. Hei e gréisseren Extrait, wéi de Grand-Duc "eis" gesäit:

D’Ënnerscheeder tëscht de Populatiounen oder d’Diversitéit vun de Kulturen wäerten net verschwannen an der globaliséierter Welt. Den europäesche Projet, deen esou vital fir eist Land ass, wärt och net d’Populatioune vun de Memberstaten an en uniformt europäescht Vollek verschmëlzen. Neen, dat lëtzebuerger Vollek wärt bleiwen, mat se ngem Temperament, senge Fähegkeeten, sengem Territoire, senger Geschicht an dem Wëllen zesummen ze liewen.

Mee wat heescht dat eigentlech, Lëtzebuerger sinn?
- Et heescht gemeinsam Eegenschafte hunn, déi sech ergänzen oder heiansdo widderspriechen.
- Et ass eng gemeinsam Geschicht oder Institutiounen deelen, awer och e Projet fir d’Zukunftmatgestalten.
- Et ass sech iwwert eng gemeinsam Sproch, d’Lëtzebuergescht, verstännegen, wéi och d’Sprooche vun deenen aneren, un éischter Linn, déi vu eise Noperen, meeschteren.
- Et ass d’Freed sech doheem wuel ze spieren, solidaresch op engem klengen an heemlechen Territoire ze sinn, an déi instinktiv Fähegkeet iwwer eis Grenzen eraus ze kucken.
- Et ass eis Traditiounen, eis Fester an eis Gebraïcher fleegen an och begräifen wat d’Net-Lëtzebuerger eis bruecht hunn, an eis nach weider brénge wäerten.
- Et ass houfreg sinn, op dat wat eis Kollektivitéit erreecht huet, a sech zougleich eise Limite voll bewosst sinn.
- An engem Wuert, et ass eng Opfaassung vun der Identitéit hunn, déi esouwuel opgeschloss ewéi generéis ass.

Och de Grand-Duc huet de Referendum ugeschwat - de Vote wier kloer an elo wieren d'Politiker an d'Bierger - déi vun hei an déi vun dobaussen - gefuerdert. Säi clever formuléierten Appel, et soll ee weider un der Kohäsioun an der nationaler Eenheet schaffen, am O-Toun:

Eis Institutiounen an déi politesch Entscheeder si virun hir Verantwortung gestallt. D’Diskrepanz tëscht gewëssene Wënsch an dem Empfanne vun enger grousser Majoritéit sollt keen Ulass sinn fir Enttäuschung oder Frustratiounen. Et ass am Géigendeel en dréngende Opruff fir besser zesummen ze schaffen, fir eis Schicksalsgemeinschaft ze stäerken an e gemeinsame Projet fir d’Zukunft ze definéieren.

D’Zesummeliewen tëscht de Lëtzebuerger an den Net-Lëtzebuerger, déi numeresch bal am Gläichgewiicht sinn, ass net einfach selbstverständlech. All Awunner an dësem Land huet säi Beitrag ze leeschten, am Alldag ewéi op laang Siicht. Näischt ass automatesch, alles ass d’Konsequenz vun engem Wellen.

Vill Gefore laueren, déi éischt ass déi vun enger cloisonnéierter Gesellschaft, wou déi zahlreich Communautéiten laanschte nee géife liewen. Dat „ënnert sech bleiwen“ ass en dousst Gëft, wat sech net an eisem Land lues a lues breet maachen däerf. Et ass eis essentiell Responsabilitéit, aus der Bequemlechkeet erauszetrieden fir op deen Aneren zouzegoen.

D'Konklusioun vum Staatschef:

"Fir d’Lëtzebuerger gelt et sech als oppen an interesséiert fir eis auslännesch Matmënschen ze weisen. Hannert der reservéierter Haltung vu ville vun eise Matbierger verstoppt sech vill Scheiheet, mee och vill Haerzlegkeet."

Fir d'Zeremonie ofzeschléisse gouf "eng lëtzebuergesch Trilogie" gespillt an d'Europa-Hymne an d'Heemecht. Net ze vergiessen de Wilhelmus ...

Alles an allem huet de Festakt eng gutt Stonn gedauert.

Op Nationalfeierdag verpasst Dir iwwregens näischt: RTL Radio Lëtzebuerg iwwerdréit déi offiziell Zeremonie an den Te Deum live an och RTL Télé Lëtzebuerg ass vu moies bis owes en direct derbäi - offiziell Zeremonie, Parad, Te Deum an dertëscht interessant Filmer ... alles um 1. Programm vun der Tëlee an am Livestream op RTL.lu respektiv iwwert d'RTL-App.

Wie gouf geéiert a firwat?

Hei d'Texter, wéi de Premier se virgedroen huet:

Raymond Braconnier (Suessem)

Den Här Raymond Braconnier huet 1978 zu Péiteng mat sengem benevolen Engagement an der Protection civile ugefaang. Zu Déifferdeng, wou hien op der Arbed als Ambulancier a Sauveteur geschafft huet, gouf et keng Protection civile. Esou koum et, datt den Här Braconnier 1981 gehollef huet, do en Zenter opzebauen, an 1984 gouf hien Zenterchef. De Raymond Braconnier lieft, ewéi vill aner Benevoler bei der Protex, fir seng Matmënschen. Hien ass eng diskret Persoun, déi net ewech kuckt, wann Hëllef néideg ass. Als Zenterchef war hie Virbild a Frënd fir all Fräiwëllegen. Hien huet seng Leit ënnerstëtzt a begleet, gefördert a gefuerdert.

Fir säin aussergewéinlecht Engagement kritt den Här Raymond Braconnier elo vum Grand-Duc de Chevalier an der Couronne de Chêne iwwerreecht.

Tilly Pax-Schadeck (Ettelbréck)

Och d’Madame Tilly Pax-Schadeck ass eng Benevole mat groussem Engagement. Si hëlleft am Centre Hospitalier Neuropsychiatrique zu Ettelbréck an och bei der Fondation Autisme Lëtzebuerg. Laang Joren huet d’Madame Pax-Schadeck an enger Equipe vu Fräiwëllege matgeschafft, déi Patiente vum CHNP all Dag begleet hunn, déi soss dacks alleng gewiescht wiere mat hirer Krankheet. Sinn déi Patienten an aner Institutiounen transferéiert ginn, dann huet d’Madame Pax-Schadeck sech weider ëm si gekëmmert an ass mam ëffentlechen Transport bis an deen aneren Eck vum Land gefuer. Si ass eng Stäip, eng Hëllef an en Anker am Liewe vu ville Mënschen, déi dës Ënnerstëtzung gebraucht hunn.

AUDIO: D'Tilly Pax-Schadeck

De Grand-Duc iwwerreecht Iech elo de Chevalier an der Couronne de Chêne.

Jean-Claude Biver (Genf)

Mir éieren haut den Här Jean-Claude Biver, eng bekannte Perséinlechkeet aus der Auerenindustrie. Den Här Biver ass e Lëtzebuergesch-Schwäizer Manager, deen a sengem Beräich haut als Visionär a passionéierte Geschäftsmann weltwäit unerkannt. Hien huet op der Faculté des Hautes Etudes Commerciales (HEC) zu Lausanne seng Etudë gemaach a gouf duerno bei der Firma Audemars-Piguet zoustänneg fir den europäesche Marché. 1981 huet hie mat sengem Geschäftspartner Frédéric Piguet fir relativ wéineg Suen déi 1735 gegrënnten Aueremarque Blancpain opkaaft an doraus eng weltwäitbekannte Marque gemaach. Spéider gouf hien CEO bei der bekannter Marque Hublot, wou hie bis haut President ass. LVMH an Tag Heuer si weider Marquen, déi ënnert dem Jean-Claude Biver Succès hunn. Den Här Biver huet ëmmer Kontakt zu senger éischter Heemecht Lëtzebuerg gehalen an ass och dacks hei fir seng Experienz mat Aneren ze deelen.

AUDIO: De Jean-Claude Biver

Fir säin exemplaresche Parcours iwwerrrecht de Grand-Ducelo dem Här Jean-Claude Biewer de commandeur am Ordre de Mérite.

Yasmine Ley (Diddeleng a Köln)

Mir éieren, soe Merci haut och der Madame Yasmine Ley. Si schafft benevole fir Médécins sans Frontières an huet aussergewéinlech Mériter. MSF ass ëmmer do, wann Noutsituatiounen entstinn - sief et wéint Konflikter oder Naturkatastrophen. MSF ass awer och do aktiv, wou humanitär Katastrophen net stënterlech entstinn, mä zanter Laangem Realitéit sinn. De Norde vu Pakistan ass esou eng Géigend, wou et praktesch keng medizinnesch Déngschter ginn. Hei war d'Madame Yasmine Ley vun Diddeleng während engem hallwe Joer am Asaz an zwar responsable fir de Service Néonatologie vun der Maternité MSF zu Peshawar.

Fir aussergewéinlechen humanitären Asaz éiert de Staatschef si mat dem chevalier am Ordre de Mérite.

Rolf Tarrach (Schëtter)

Als nächste gëtt de grad eréischt pensionéierte Recteur vun der Universitéit Lëtzebuerg geéiert. Den Här Rolf Tarrach huet während 10 Joer déi deemools nei gegrënnten Uni Lëtzebuerg geleet. A Valencia a Spuenien gebuer, huet den Här Tarrach a Spuenien an zu Genève an der Schwäiz studéiert, wou hien och zanter den 1980er Joren Universitéitprofesser fir Theoretesch Physik war. De CERN zu Genève huet hien duerch seng ganz akademesch Carrière ëmmer erëm ugezunn. 2004 koum hien op Lëtzebuerg an huet der Uni.lu säi Stempel ginn.

Mir all soen Iech Merci mat der Décoratioun vum Grand Officier am Ordre de Mérite, déi de Grand-Duc Iech elo iwwerreecht.

Jules Hoffmann (Stroossbuerg)

Et ass schonns exzeptionell, e groussen Naturwëssenschaftler kënnen auszezeechnen, deen esouwuel "nobéliséiert" wéi "immortel" ass. De Professer Jules Hoffmann ass e gebiertegen Iechternacher an huet de Wee vun den Naturwëssenschaften an der Biologie ageschloen. Schonns als Student vum Stater Jongelycée huet hie mat 18 Joer säin éischte wëssenschaftlechen Artikel publizéiert iwwert e Sujet, dee seng ganz spéider Carrière sollt bestëmmen. 1970 huet hie sech no Frankräich orientéiert an huet zu Stroossbuerg um CNRS ugefaang. Hien huet dunn och déi franséisch Nationalitéit ugeholl, ouni seng Lëtzebuerger Racinen ze vergiessen. Den Här Hoffmann huet sech international en Numm gemaach an der "Grundlagenforschung" iwwert déi ugebueren Immunitéit vun Déier a Mënsch. Seng Aarbecht ass 2011 mam Nobelpräis fir Medezin an Physiologie ausgezeechent ginn. Schon zanter 2007 war den Här Hoffmann reguläre Mamber vun der Académie des Sciences zu Paräis. 2012 gouf hien als Vollmember an déi eelsten Académie gewielt, d’Académie française.

De Jules Hoffmann kritt vum Grand-Duc elo de Grand Officier an der Couronne de Chêne iwwerreecht.

Yasmine Grisius (+)

Eng traureg Realitéit, en Zeechen vu Respekt, Dankbarkeet a Veréierung soll eis haut och beschäftegen.

D’Kommissärin Yasmine Grisius vum Centre d’intervention vun der Police Regioun Capellen ass an der Nuecht vum 4. op den 5. Juni géint 01.30h am Déngscht bei enger Verkéierskontroll op der Lonkecher Strooss ëm d’Liewe komm.

D’Madame Grisius an hiren Aarbechtskolleg haten en Auto ugehal fir eng Kontroll. Op der Sich no de Pabeieren huet d'Kommissärin Grisius sech hannert den Auto beweegt, wou si vun engem anere Gefier erfaasst gouf. D'Ëmstänn vun deem Accident sinn onverständlech a grujeleg zugläich. D'Madame Grisius sollt hir Blessuren net iwwerliewen, si hannerléisst hire Partner an zwee kleng Kanner.

Mir iwwerreechen der Kommissärin Yasmine Grisius haut d’Croix d’Honneur et de Mérite militaire en argent à titre posthume, déi hir Famill vum Grand-Duc entgéint hëlt.

Te Deum

An der Kathedral huet kuerz no 16.30 Auer de feierlechen Te Deum ugefaang. A senger Priedegt huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich iwwert d'Reliounen am Land geschwat an ënnerstrach, datt déi och fir vill Leit Punkte vun der Identifikatioun wieren. Dofir wier et vu gréisster Wichtegkeet, datt déi Reliounen och hier Plaz an der Gesellschaft hunn an dozou géifen och d'Gebaier gehéieren wou Relioun praktizéiert géif. D'Kathedral an d'Kierchen wieren en Deel vun eiser Identitéit.
 
Den Äerzbëschof huet awer och d'Astellung vu verschiddene Leit vis-à-vis vun de Flüchtlinge kritiséiert, wa mer hinnen net wéilten hëllefen, géife mer eis Identitéit verroden.

De Programm vum 23. Juni:

10h00: Cérémonie officielle à la Philharmonie Luxembourg
Philharmonie
11h00: Tir d’honneur de 21 coups de canon tirés du Fetschenhaff
11h30: Prise d’armes en présence de S.A.R. le Grand-Duc et S.A.R. le Grand-Duc héritier (avenue de la Liberté)
16h30: Te Deum à la cathédrale Notre-Dame de Luxembourg

VIDEO: RTL Spezial: Te Deum
Live Iwwerdroung vum Te Deum aus der Kathedral, kommentéiert vu Christiane Kremer a Georges Hellinghausen

Offiziell Info vun der Regierung

23 juin 2015

Cérémonie officielle à la Philharmonie Luxembourg

La journée du 23 juin débutera par une cérémonie officielle à la Philharmonie Luxembourg. Seront présents lors de la cérémonie les membres de la famille grand-ducale, les membres du gouvernement, les députés ainsi que les représentants du collège échevinal de la Ville de Luxembourg, du Conseil d’État, de la magistrature et du corps diplomatique accrédité auprès du chef d’État luxembourgeois.

Le Wilhelmus sera exécuté par la Musique militaire à l’arrivée des membres de la famille grand-ducale à la Philharmonie Luxembourg. LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse, LL.AA.RR. le Grand-Duc héritier et la Grande-Duchesse héritière, LL.AA.RR. le prince Félix et la princesse Claire, S.A.R. la princesse Tessy, S.A.R. la princesse Alexandra et S.A.R. le prince Sébastien seront accueillies par le président de la Chambre des députés, Mars Di Bartolomeo, par le Premier ministre, ministre d’État, Xavier Bettel, et par le bourgmestre de la Ville de Luxembourg, Lydie Polfer.

À l’occasion de la cérémonie officielle, S.A.R. le Grand-Duc, Mars Di Bartolomeo et Xavier Bettel prononceront un discours et procèderont ensuite à la remise de distinctions honorifiques à des personnalités du monde civil.

L’encadrement musical sera assuré par l’Orchestre philharmonique du Luxembourg sous la direction de Pierre Cao, ainsi que par le chœur de l’Institut européen de chant chorale Luxembourg (INECC), le chœur de chambre et les Pueri Cantores du Conservatoire de la Ville de Luxembourg, et un ensemble de cuivres.

Après la cérémonie officielle à la Philharmonie Luxembourg, le traditionnel tir d’honneur de 21 coups de canon aura lieu au Fetschenhaff.

Prise d’armes

La prise d’armes dans l’avenue de la Liberté sera placée sous le commandement du colonel Yves Kalmes, commandant du Centre militaire de Diekirch. Elle sera composée de détachements de l’armée et de la police grand-ducale ainsi que de détachements civils.

Le chef d’État et S.A.R. le Grand-Duc héritier passeront d’abord en revue les troupes.

Après le triple «vive», exécuté par la troupe, et l’interprétation de l’hymne national, la prise d’armes se terminera par le défilé des corps et associations suivants:
•    l’armée luxembourgeoise – avec un détachement de drapeaux des anciens bataillons et des anciens combattants ainsi qu’avec un détachement de drapeaux étrangers (BE, US, FR, UK, RU);
•    la police grand-ducale;
•    un détachement motorisé d’anciens véhicules des Collectionneurs de véhicules militaires (CVM) Steesel et de Quadriga;
•    la Musique de garnison;
•    l’Administration des douanes et accises;
•    les établissements pénitentiaires;
•    l’Administration des services de secours;
•    la Croix-Rouge;
•    Luxembourg Air Rescue avec cinq hélicoptères;
•    l’Union Grand-Duc Adolphe avec l’Harmonie Kleinbettingen et Käercher Musék.

Te Deum

Un Te Deum solennel sera célébré en la cathédrale Notre-Dame de Luxembourg en présence des membres de la famille grand-ducale, des membres du gouvernement, des députés et des autorités nationales.

Il sera célébré par l’archevêque de Luxembourg, Monseigneur Jean-Claude Hollerich, le grand rabbin de Luxembourg, Alain Nacache, un imam de la communauté musulmane, Muhamed Rizvic, et le pasteur de l’Église protestante de Luxembourg, Volker Strauß.

Le Te Deum solennel sera chanté par le chœur de la Maîtrise de la cathédrale Notre-Dame de Luxembourg et le Madrigal de Luxembourg sous la direction de Marc Dostert. Paul Breisch sera aux grandes orgues. Un ensemble de trompettistes de la Musique militaire exécutera la sonnerie nationale.

Offiziell Info vun der Stad Lëtzebuerg

Fête nationale : 23 juin
• Programme officiel

Le programme officiel de la fête nationale débutera le mardi 23 juin à 10h00 avec une cérémonie officielle à la Philharmonie Luxembourg, suivie par les 21 coups de canon tirés en l'honneur du Grand-Duc au Fetschenhof (INS) à 11h00. La traditionnelle prise d'armes et la parade militaire se dérouleront ensuite dans l'avenue de la Liberté à partir de 11h30 et le Te Deum aura lieu à 16h30 à la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg, en présence des membres de la famille grand-ducale.

• Animations du 23 juin

Comme tous les ans, le Centre d'animation pédagogique et de loisirs (Capel) de la Ville de Luxembourg organise son traditionnel « Spillfest » de 10h00 à 18h00 sur la Kinnekswiss (parc de la Ville). Cette fête des jeux s'adresse aux familles, aux petits et grands enfants et aux jeunes et attire toujours un grand nombre de visiteurs. Plus d'une centaine de jeux insolites d'éveil, de manipulation et de toucher, des jeux sonores ou encore des jeux visuels et de doigté sont proposés aux visiteurs par des professionnels internationaux spécialement invités pour l'occasion. La participation est gratuite. Stand de ravitaillement sur place. Parking gratuit sur le champ du Glacis. Une navette gratuite entre la place de la Constitution et la Kinnekswiss est assurée par le "Péitruss-Express" à partir de 14h00.

La place d'Armes sera également animée le jour de la fête nationale : le Ginta Fiesta Orchesta se produira à 15h00, suivi de l'Amicale Garnisounsmusek à 17h00 et de Saxitude à 19h00.