Déi Jonk vu Richtung 22, déi bei enger Aart Agitprop-Aktioun an der Nuecht op den 23. Juni vun der Police gestéiert goufen, fille sech falsch verstanen.

An der Nuecht op en Dënschdeg géint 2.40 Auer hat e Sécherheetsbeamte sechs Jugendlecher dobäi erwëscht, wéi si un de Wänn am Agank vum ënnerierdeschen Parkhaus an um Buedem vun der Philharmonie "lénk" Parole mat wäisser a rosa Faarf gesprayt hunn.

Dräi vun hinnen hate Spraydouse bei sech an ee jonke Mann hat nach d'Blieder mat de Leitsätz am Grapp. Déi Bedeelegt hunn ausgesot, dass et sech ëm e kënschtleresche, politesche Statement handele géif.

Si goufe vun der Police beléiert, dass dat eng Strofdot wier. Wéinst de Festivitéiten am Hibléck op Nationalfeierdag krute si geroden, hiert Konschtwierk sou séier wéi méiglech nees ewech ze maachen. Si kruten en Eemer Waasser an e Schruppert zur Verfügung gestallt. Well de Graffiti sech net sou einfach ewech wësche gelooss huet, goufen d'Pompjeeë geruff.

Et gouf protokolléiert an d'Spraydouse goufe konfiskéiert.

"Police als Nationbranding-Agent?"

Esou wäit déi offiziell Versioun vun der Police oder vum Presserservice vun der Police, déi vun den Initiateure vun der Aktioun, dem Kollektiv "Richtung 22", awer ferm kontestéiert gëtt: Et hätt ee Kräid benotzt a kee richtege Spray, deen ee guer net méi esou séier fortkritt hätt; et hätt een net op Mauere geschriwwen, well d'Philharmonie hätt där guer keng; an d'Police hätt sech antëscht fir net ganz richteg Versioun entschëllegt, ma d'Press hätt déi Trash-Geschicht kopéiert a wier domat quasi - eo ipso - matschëlleg u Jugendfeindlechkeet a Rassismus an der Gesellschaft.

Richtung 22 freet sech an engem op Facebook verëffentleche Statement och, mat wéi engem Recht d'Police hir politesch Konscht-Aktioun ënnerbonnen hätt: Ob déi antëscht en "Nationabranding-Agent" wier?

Déi Jonk ville sech op alle Fall vu ville Säite falsch verstanen a gesinn hir Aktioun an direkter Linn zum "friem- a jugendfeindlechen Vote" vum Referendum:

Falls mir wierklech schlussendlech och nach ugeklot gi géifen (d'Police huet den Dossier mat Verdacht op Verstouss géint "bonne moeurs" an Zerstéierung vun "biens mobiliers" !), dann gi mer selbstverständlech an d'Offensiv. Mä lo direkt ze versichen d'Rudder emzerappen wäert eis just Zäit an Nerven kaschten: e puer Jonken géint Police, Medien an d'virgefäerdegt Meenung vun der Öffentlechkeet - an dat zu engem Moment, wou sech op Bauchgefill-Basis 80% vun de Lëtzebuerger*innen zu engem friem- a jugendfeindlechen Vote hirappe gelooss hunn. Do plange mer léiwer aner Aktiounen, laangfristeg Saachen, bei deene mir d'Thema selwer setzen. A ginn d'Hoffnung net op, dat sech d'Debattenkultur an d'Vue op politesch Kreativitéit och zu Lëtzebuerg ännere léist.

SCHREIWES VU RICHTUNG 22
Mat der Police géint d'Diskussiounskultur.

"Alle Beteiligten gaben an, dass es sich hierbei um ein künstlerisches, politisches Statement handeln würde. Dieselben wurden belehrt, dass dies eine Straftat ist." Zitat aus dem Bulletin vun der Police Grand-Ducale 23.06.

Als engagéiert Jonker hunn mir wollten eng Konscht-Aktioun zum Thema "Wat ass eng/eis Natioun" fir Nationalfeierdag maachen, well mer fannen dat déi Fro sech wéinst dem Referendum lo op eng aner Art-a-Weis stellt. Mir hu mat Kräid a Kräidspray op d'Plaz virun der Philharmonie gemolt, enner anerem hate mir d'Nationalhymne emgedichtet an wollten déi dohinner schreiwen. Et ass awer total eskaléiert ier mir iwwerhaapt richteg ugefaangen haten. D'Police ass mat 5 (!) Autoen opgekräizt, konnt eis zwar net genee soen, woufir se eis do stoppen, mä huet mol alles konfiszéiert an d'Pompjeen geruff fir d'Kräid fortzesprutzen, fir wéi si soten "de Ruff vum Land" ze schützen. Police als Nationbranding-Agent?

Mir woren dann gëschter um Police-Büro fir en PV ofzeginn, parallel haten si awer schonn eng onzoutreffend Versioun un d'Press ginn, fir déi si sech bei eis entschëllegt hunn, hier Pressestell hätt do Fehler gemeet. Am Bulletin vun der Police stung, dat mer Graffiti an net Kräid benotzt hätten, an dat mer op eng Mauer vun der Philharmonie gesprayt hätten (d'Philharmonie huet keng Mauer...) an dat d"Faarw" net fortgaangen wier, wat einfach net stëmmt an dat wëssen si och. D'Press huet dann déi ganz Story nach eng Kéier weiderentwéckelt, den L'essentiel Online de zB. schreiwt, Jugendlecher hätten Faarwbommen an den Tunnel bei der Philharmonie geheit. Firwat kënnt eigentlech kee Journalist op de Gedanken, dat d'Pomjeeen wuel kaum Graffiti fortsprutzte kënnen? Firwat freet kee Journalist / keng Journalistin no, wat fir Texter dann do konfizéiert goufen? Firwat kopéiert d'Press Trash-Geschichte aus den Police-Bulletin ze kopéieren, a wonnert sech dann iwwert d'Jugendfeindlechkeet an de Rassismus an der Gesellschaft?

Mir wësse lo net wierklech, wat mer dozou nach soen sollen. Eise Probleem ass, dat mer kee Wee méi gesinn lo nach eisen ursprünglechen Message zu Nationalfeierdag riwwerzebréngen (och well mer eis Aktioun net richteg duerchféiere konnten). Et geet lo mëttlerweil ëm eng Iwwerreaktioun vun der Police an ëm breet Fehlinformatioun. Et geet lo em déi zimmlech abstrakt Fro no Konschtfräiheet a Meenungsfreiheet zu Lëtzebuerg. Et geet em de "politeschen Debat" an em d'"Diskussiounskultur", déi hei jo lo gefördert gi soll. Mir wëlle kreativ fir Inhalter sensibiliséieren a mengen, dat desen Zuch fir des Aktioun ofgefuer ass, vue dat lo eng komplett aner Versioun a komplett aner Thematik (Pubertéierender a Graffiti) an der Öffentlechkeet steet, wat u sech näischt mat "eiser" Geschicht ze dinn huet. Wéivill Aarbecht misste mir lo dran stiechen fir dat richtegzestellen? Géif een dat heiere wëllen?

Mir befürchten, dat d'Press, déi lo schonn sou lassgeluecht huet, net op eemol drun denkt bei der Police unzeruffen an ze froen, firwat se Grafiti schreiwen, wa just Kräid benotzt gouf. Et wäert kee froen, wat fir eng Prinzipien eng Police leed. Mir mengen och net dat sech hei am Land d'Press wierklech de Courage opbréngt Police-kritesch Berichterstattung ze bréngen.

Falls mir wierklech schlussendlech och nach ugeklot gi géifen (d'Police huet den Dossier mat Verdacht op Verstouss géint "bonne moeurs" an Zerstéierung vun "biens mobiliers" !), dann gi mer selbstverständlech an d'Offensiv. Mä lo direkt ze versichen d'Rudder emzerappen wäert eis just Zäit an Nerven kaschten: e puer Jonken géint Police, Medien an d'virgefäerdegt Meenung vun der Öffentlechkeet - an dat zu engem Moment, wou sech op Bauchgefill-Basis 80% vun de Lëtzebuerger*innen zu engem friem- a jugendfeindlechen Vote hirappe gelooss hunn. Do plange mer léiwer aner Aktiounen, laangfristeg Saachen, bei deene mir d'Thema selwer setzen. A ginn d'Hoffnung net op, dat sech d'Debattenkultur an d'Vue op politesch Kreativitéit och zu Lëtzebuerg ännere léist.

POLICE-NOTIZ: Jugendliche sprayen Graffiti vor der Philharmonie

Am 23.06.2015, 02.40 Uhr
Luxembourg, place de l'Europe
Ein Sicherheitsbeamter der Philharmonie meldet, dass eine Gruppe Jugendlicher dabei sei Graffiti anzubringen. Vor Ort konnten die Beamten sechs Personen antreffen. An den Wänden zu den Eingängen des unterirdischen Parkhauses sowie auf dem Boden der Philharmonie waren linke Parolen mit weisser und rosa Farbe gesprüht worden. Drei der sechs Anwesenden hatten Spraydosen bei sich und zwei weitere Dosen befanden sich in der näheren Umgebung. Des Weiteren hatte ein junger Mann noch die Blätter mit den gesprühten Leitsätzen bei sich. Alle Beteiligten gaben an, dass es sich hierbei um ein künstlerisches, politisches Statement handeln würde. Dieselben wurden belehrt, dass dies eine Straftat ist. Ihnen wurde aufgrund der festlichen Festivitäten, welche am heutigen Morgen vorgesehen waren, angeraten ihr Kunstwerk schnellstmöglich zu entfernen. Hierfür wurde ihnen ein Eimer Wasser sowie ein Besen zu Verfügung gestellt. Da dies jedoch nicht mit Wasser nicht abging wurde die Feuerwehr zwecks Bereinigung vor Ort beordert. Protokoll wird erstellt und die Spraydosen beschlagnahmt.