Am November dëst Joer mécht d'Schwämm zu Beetebuerg hir Dieren zou, well hei u Bau-Mängel, déi konstatéiert goufen, geschafft muss ginn.

Éischt Problemer goufe scho kuerz no der Ouverture am Oktober 2005 constatéiert, sou de President vum interkommunale Syndikat "An der Schwämm", Laurent Zeimet.

Schonn 2009 ass ee viru Geriicht gaang an et gouf eng Expertise ordonnéiert, déi 2014 ofgeschloss gouf. Fir datt d'Schwämm weider funktionéiere konnt, huet een an dëser Phas awer ëmmer nees Reparature gemaach, déi vum Expert gefrot goufen, fir esou ze garantéieren, datt d'Schwämm weider funktionéiere kéint. Elo huet de Syndikat, also och d'Gemenge Leideleng a Beetebuerg, decidéiert, fir d'Schwämm sanéieren ze loossen. Dës geet am November un an et geet een dovunner aus, datt se fir d'Rentrée 2016 ofgeschloss ka ginn, erkläert de Laurent Zeimet.

AUDIO: Extrait Laurent Zeimet

D'Gemengen hunn zäitgläich eng Expertise ordonnéiert, fir erauszefannen, wee fir déi gravéierend Bau-Mängel responsabel ass. Dësen Dossier léich den Ament um Geriicht, sou de Laurent Zeimet nach. Et géing awer esou Munches op Problemer an der Exekutioun vun den Aarbechten hindeiten.

D'Schwämm mécht also am November hier Dieren zou. Bis d'Rentrée 2016 sollen d'Aarbechten ofgeschloss sinn.

D'Kanner ginn dat anert Schouljoer iwwregens mat hire Klassen op Diddeleng schwammen.